De Gesamtbudget läit bei 46,5 Milliounen Euro. Zousätzlech dozou bezilt Lëtzebuerg och eng Contributioun vu 500.000 Euro am Kampf géint M-Pox.
Mam Santésministère gouf och een Accord ënnerschriwwen, deen nieft den obligatoresche Contributiounen och eng fräiwëlleg Finanzéierung an Héicht vun enger Millioun Euro virgesäit. Domadder gëtt ënnert anerem de regionale Bureau vun der WHO Europa finanzéiert.