De Joel Machado vum Institut fir Sozial a Wirtschaftsfuerschung (LISER) fuerscht zum Impakt vun der Migratioun op d'Ekonomie. Lëtzebuerg ass eng kleng, oppen Ekonomie, deemno si Migratioun a Frontaliere ganz wichteg fir d‘Wirtschaft. Et ginn eng 520.000 Aarbechtsplazen am Land, demografesch kritt Lëtzebuerg eleng dat net gestemmt, esou de Joel Machado.
Lëtzebuerg ass also drop ugewisen, datt Leit aus dem Ausland op Lëtzebuerg wëlle schaffe kommen.
Et brauch méi spezialiséiert Profiller
Nieft dem reng numereschen, geet et awer och ëm d‘Qualitéit vun den Aarbechtskräften. De Marché gëtt ëmmer méi diversifizéiert a spezialiséiert. Et bräicht een also och déi entspriechend Profiller, also international an héich ausgebilten Aarbechtskräft, betount den Ekonomist. Dacks géif een déi och net am noen Ausland fannen.
Eng 85 Prozent vun den auslänneschen Aarbechtskräften zu Lëtzebuerg, kommen aus aneren Europäesche Länner. Et stellt een awer och fest, datt d‘Ursprongslänner sech ëmmer méi diversifizéieren – Dorënner sinn zum Beispill China, d'USA oder nach Indien.
Etude fir erauszefannen, firwat d'Leit op Lëtzebuerg kommen
D‘lescht Joer si 27.000 Leit nei op Lëtzebuerg komm, 16.000 sinn der gaangen. Et gouf also ee Plus vun 10.000 Leit. Firwat si kommen, weess een éischter seelen, erkläert de Joel Machado. Eng Etude soll do lo nohëllefen. Un déi Erwuessen, vun de 27.000 Leit, déi d'lescht Joer op Lëtzebuerg geplënnert sinn, gëtt eng Invitatioun geschéckt, fir ee Froebou anonym auszefëllen.
Déi Enquête ass elo ugelaf. Et geet een dovun aus, datt d‘Mëtt nächst Joer déi éischt konkret Resultater virleien.