search

/ Finanzministère confirméiert: Lëtzebuerg ass Grënnungsmember vun neier Rüstungsbank

Verteidegung

|
reading time

1 min

Finanzministère confirméiert: Lëtzebuerg ass Grënnungsmember vun neier Rüstungsbank

De Premier Luc Frieden hat dat schonn a senger Ried zur Lag vun der Natioun ugekënnegt. Lëtzebuerg géif, zesumme mat sengem Alliéierte Kanada, eng nei multilateral Bank fir d'Defense, Sécherheet a Resilienz opbauen, där hiren europäeschen Hub zu Lëtzebuerg soll sinn.

reading time

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel)

Déi Informatioun krut d'Lëtzebuerger Wort elo vum Finanzministère confirméiert.  

Dës Initiativ géif bei Lëtzebuerg passen, hat de Premier a senger Ried nach erkläert.

Aner Länner ewéi Däitschland a Groussbritannien, ënnerstëtzen de Projet net. Méi Detailer sollen um NATO-Sommet am Juli bekannt ginn, esou d‘Wort. Gewosst ass awer, datt den Haaptsëtz vun der Bank a Kanada soll sinn.