Radioen

On air

Concert  |  A Roman Holiday

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sensibiliséieren iwwer Gewalt géintiwwer Fraen

Orange Week

Sensibiliséieren iwwer Gewalt géintiwwer Fraen

Wärend der Orange Week gëllt et d’Populatioun iwwert d’Gewalt géintiwwer Fraen ze sensibiliséieren. Eng Gewalt déi net nëmmen am Stot  existéiert, mee och ee systemesche Problem zu Lëtzebuerg duerstellt, betount d’Aldina Ganeto, d’Presidentin vum CNFL Conseil national des femmes du Luxembourg.

auto_stories

2 min

An de Schoulen organiséiert den CNFL Aktivitéite fir d’Schüler a Schülerinnen iwwer d'Gewalt géintiwwer Fraen a Meedercher, ze sensibiliséieren. Dat misst an de Schoulprogramm dra stoe kommen, ënnersträicht d’Aldina Ganeto.

“Mir wësse jo datt dat ee strukturelle Problem zu Lëtzebuerg ass. Wëll d'Mëttel vum Fraerot immens limitéiert sinn, wier et natierlech ganz sënnvoll wann dat Thema ee Bestanddeel wier vun der Erzéiung vun de Kanner. Dat wier ee ganz gudden Usaz, wëll da kënnen déi Jonk an d'Kanner schonn an der Schoul identifizéiere wéi eng Forme vu Gewalt géigeniwwer Fraen a Meedercher am Alldag virkommen."

Spuenien ass ee Virbild

A Spuenien huet d'Regierung vum Pedro Sanchez de Kampf géint d'Gewalt vis à vis vu Frae ganz eescht geholl. D'Thema ass elo an der Press flächendeckend present. Et gëtt och net méi just an der Rubrik vun de Faits divers driwwer diskutéiert.

Zu Lëtzebuerg ginn et wärend der Orange Week Informatiounen dozou, och d’Police publizéiert an hire Rapporten Informatiounen iwwert déi haislech Gewalt. Dat géif net duergoen, betount d’CNFL-Presidentin.

“Et schwätzt een dacks nëmme vun haislecher Gewalt. U sech ass et ee Problem deen total systemesch ass. Do soll een och drop hiweisen datt dee Problem och entsteet wéinst der sexueller Orientéierung vun enger Fra oder wëll se eng aner Hautfaarf hunn oder eng Behënnerung. Leider gëtt dat warscheinlech hei am Land nach net genuch thematiséiert."

A Spuenie wieren se do scho vill méi wäit. Faite géifen an der Ëffentlechkeet thematiséiert ginn. Et misst méi am Fong ugaange ginn, fir d'Hannergrënn ze verstoen, erkläert d’Aldina Ganeto.

Femizid an d’Strofrecht aschreiwen

Eng vun de Revendicatioune vum Nationale Fraerot ass d’Aschreiwe vum Femizid an d’Strofrecht. Et wier engersäits ee symboleschen Akt, fir de Mord u senger Partnerin oder Ex-Partnerin ganz konkret als Strofdot ze bezeechnen.

Weider kéint een domat och spezifesch Statistiken driwwer féieren, wéi dacks dat virkënnt, oder och wéi vill versichte Femizid et gouf.