Radioen

On air

Notturno  |  The Cure - The Walk

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ François Bausch: "Merci, Dir waart eng super Trupp"

Mäertensfeier vun der Arméi

François Bausch: "Merci, Dir waart eng super Trupp"

Um Härebierg gouf, wéi all Joer, un de Patréiner vun den Zaldoten erënnert, den hellege Mäerten. Gläichzäiteg war et de leschten Optrëtt vum François Bausch als Verdeedegungsminister. “Mir hunn alles geännert wat mat der Arméi a mat der Défense ze dinn huet”, esou de grénge Politiker.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© Serge Kesseler play_arrow
(Foto: Serge Kesseler)

A sengem Bilan vun de leschte fënnef Joer huet de grénge Politiker ënnerstrach, datt kee Steen op deem anere bliwwe wier.

Hie géif säin Amt mat der Gewëssheet verloossen, datt een zesumme vill erreecht hätt, fir d’Arméi, hir Infrastrukturen an hirt Gesetz ze moderniséieren, esou de François Bausch a senger Ried. Leider wier et déi leschte Kéier, datt hien als Defenseminister virun de Vertrieder vun der Arméi schwätzt.

"An de Leider wëll ech ënnersträichen. Well ech wëll hei betounen, datt ech dee Ressort vun der Defense iwwer fënnef Joer mat vill Freed gemaach hunn. A besonnesch well ech mat Iech vun der Arméi eng Verwaltung hat, op déi ech méi wéi konnt zielen a mat där ech extrem gär zesumme geschafft hunn. Merci, Dir waart eng super Trupp."

Mäertensfeier vun der Arméi war gläichzäiteg de leschten Optrëtt vum François Bausch als Verdeedegungsminister. | © Serge Kesseler
Mäertensfeier vun der Arméi war gläichzäiteg de leschten Optrëtt vum François Bausch als Verdeedegungsminister. (Foto: Serge Kesseler)

Vill Emotiounen

Bei der Arméi huet ee sech och ganz zefridde mam Minister François Bausch gewisen. Den Aumônier général Nicolas Wenner huet dobäi un d’Explosioun am Munitiounslager de 14. Februar 2019 erënnert, bei där zwee Ënneroffizéier gestuerwe waren.

"Deen Dag op deem d’Arméi zwee vun hire Beschten tragesch um Waldhaff verluer huet. An ni vergiessen ech Är Presenz an deenen Deeg deemools, d’Zäit, déi Dir Iech fir d’Familljen am Leed geholl hutt. An echt matgefillt hutt."

E Minister dee méi ginn hätt wei e misst

Bei der Zeremonie fir Mäertesdag, huet den Aumônier méi generell gesot, datt de François Bausch ee “Minister mat engem décke Plus” gewiescht wier, dee méi ginn hätt, wéi hien hätt missten.

"Mäin déiwe Respekt gëllt Iech ëmmer, an aller Verbonnenheet an Dankbarkeet."


Lauschterenplay_arrow