Radioen

On air

Notturno  |  Rogé - Existe Uma Voz

play_arrow Live
search

/ Leschten Dag fir Bréifwal unzefroen

Europawalen

Leschten Dag fir Bréifwal unzefroen

Haut ass de leschten Dag, fir hei am Land d’Bréifwal unzefroe fir d’Europawale vum 9. Juni. Wien den entspriechende Convocatiounsbréif kréie wëll, muss dofir bis haut op senger Gemeng passéiert sinn, respektiv kann d'Bréifwal op guichet.lu ufroen.

auto_stories

1 min

Bréifwal | © Jo Diseviscourt
Bréifwal (Foto: Jo Diseviscourt)

Dogéint ass den Delai fir Lëtzebuerger, déi am Ausland liewen an d’Bréifwal ufroe wollten, schonn den 30. Abrëll ofgelaf.

A 25 Deeg gi bekanntlech déi 6 Lëtzebuerger Europadeputéiert gewielt. All d’Leit, déi op de Wielerlëschten agedroe sinn, sinn heizou opgeruff.