arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Léon Gloden ordonéiert Audit no Immigratiounsaffär

Inneministère

|
reading time

1 min

headphones

16 min

play_arrow

Léon Gloden ordonéiert Audit no Immigratiounsaffär

No der Affär ëm illegal Openthaltsgeneemegunge fir Persounen aus Drëttstaate wëllt den Inneminister Léon Gloden en Audit an der Direktioun vun der Immigratioun an d'Weeër leeden. D'Enquête wier komplex a géif verschidde Verwaltunge betreffen.

reading time

1 min

headphones

16 min

play_arrow

Den Inneminister Léon Gloden wëllt Transparenz an der Affär ëm Leit an Drëttstaaten, déi illegal Openthaltsgeneemegungen zu Lëtzebuerg kruten. Dofir soll en Audit bei der Directioun de l‘immigration duerchgeféiert ginn.

De Minister huet awer och kloergestallt, datt den Dossier komplex wier, well net just säi Ministère betraff wier.

"Mir huelen déi Reprochen do ganz eescht. Ech hu jo och gesot, datt mir en Audit bei eis an der Direktioun vun der Immigratioun maachen."

Keng Kommunikatioun am Abrëll

Et hätt een net am Abrëll kommunizéiert, well och de Parquet net kommunizéiert hätt, esou de Léon Gloden. An de Ministère hätt d'Enquête net wëllen duerch eng ëffentlech Kommunikatioun beaflossen.

De Léon Gloden betount, datt déi éischt Fäll schonn op 2023 zeréckginn, also op eng Zäit, wou hien nach net zoustännege Minister war. D'Ausmooss vun der Affär wier dem Ministère eréischt no der grousser Perquisitioun vun der leschter Woch bewosst ginn.

"Am Abrëll war eis d'Envergure nach net esou bewosst. Dat ass eis elo mat där grousser Perquisitioun vun der leschter Woch bewosst ginn."

play_arrow Lauschteren