Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
search

/ Léon Gloden korrigéiert sech: 6 Gemenge kruten onkomplett Bréifwale geschéckt

Europawalen

Léon Gloden korrigéiert sech: 6 Gemenge kruten onkomplett Bréifwale geschéckt

A verschiddene Gemengen hu bei Courriere fir d‘Bréifwal fir d‘Europawale verschidden Dokumenter gefeelt. Dat hat den Inneminister Léon Gloden d‘lescht Woch an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun deene Grénge confirméiert. D'Zuel vun de betraffene Gemengen huet hien awer no ënne korrigéiert.

auto_stories

1 min

Bréifwal | © Jo Diseviscourt
Bréifwal (Foto: Jo Diseviscourt)

Riets war deemools awer vu 7 Gemengen. Op eng weider Fro vum gréngen Deputéierte Meris Sehovic hëlt den Inneminister sech elo zeréck: Et wiere just 6 Gemenge gewiescht, déi eng onkomplett Dokumentatioun geschéckt haten.

Déi betraffe Gemenge sinn: Bauschelt, Leideleng, Manternach, Schëtter, Ëlwen a Waldbëlleg.

Betraff waren 1.299 Wieler. D‘Gemenge goufen aviséiert, hinnen d‘Dokumenter nozeschécken. D‘Wieler hätten entretemps awer och schonn d‘Méiglechkeet, d‘Instruktiounen op den diversen Internetsitten ze consultéieren, sou de Minister.