De Laurent Zahles ass President vum Retail Banking Cluster vun der ABBL, der Lëtzebuerger Bankenassociatioun. An anere Wierder: D’Guichetsbanken. Där ginn et der aktuell fënnef: D’Spuerkeess, d’BIL, d’Raiffeisen, d’Post an d’BGL.
D’ING ass net méi Deel dovun.
Stinn d’Agencë virum Ausstierwen?
Mee wéi laang kënnen déi Banke sech nach gudde Gewëssens eng “Bank mat engem Guichet” nennen? Den Trend ass eendeiteg: Ëmmer méi Agencë maachen zou. 2025 waren et 10 Stéck. Doriwwer eraus gi mëttlerweil 97 Prozent vun de Virementen online gemaach.
De Laurent Zahles ass awer iwwerzeegt, datt et nach "ganz laang" Guichete wäert ginn. Et géingen ëmmer nach Leit ginn, déi déi traditionell Servicer am Guichet sichen. Dofir misst een dat oprecht erhalen, wann och d’Zuel vun den Agencen erofgeet.
Dobäi kënnt datt d’Roll vun den Agencen am Laf vun de Jore geännert huet. Mëttlerweil ginn do och aner Servicer ugebueden a virun allem d’Berodung ass eng vun den Haapt-Aufgabe ginn.
Digicash, Payconiq, Wero ... an elo?
Wat an de leschte Joren den Transfert vu Suen nach méi einfach gemaach huet sinn déi verschidden Applikatiounen, mat deenen ee per Handysnummer oder Email-Adress Sue verschécke kann. No Digicash a Payconiq ass et elo Wero.
Ob de Wiessel op déi nei Wero-App bis elo e Succès war, dat kann de Laurent Zahles net soen. Wat awer sécher ass: Déi al Payconic-App kann een net méi benotzen.
Ass Wero dann elo de gudden Outil oder kënnt an dräi Joer nees eng nei App?
"Dat kann ech haut net soen, mee deen, dee mir haut elo hunn, deen ass scho gutt."
De Lëtzebuerger ass traditionell Client bei e puer Banken
Op de fënnef Guichetsbanke sinn zejoert 51.000 nei Konte vu Privatclienten opgemaach ginn. E groussen Deel dovu sinn zwar sécherlech Zweet-, oder Drëttkonten. An awer: Zesumme kommen d’Banke geschwënn op 1 Millioun Clienten, déi am Retail Cluster domat traitéiert ginn, wéi de Laurent Zahles am 100,7-Interview betount.
Dat wier e kloert Zeechen dofir, datt d’Banken hei am Land weider bereet sinn, d’Leit am Spuer-, a Kreditberäich ze begleeden.
Hie weist awer och drop hin, datt et zu Lëtzebuerg eng Particularitéit gëtt.
“Et ass virun allem mol traditionell esou, datt jiddwereen hei zu Lëtzebuerg méi wéi eng Bank huet, fir och verschidde Saache vläicht ze diversifiéieren (...). Et ass traditionell esou, datt zu Lëtzebuerg méi Konte pro Persoun do sinn.”
51.000 nei Konten an engem Joer wier awer eng normal Zuel, esou nach de Laurent Zahles. Et entsprécht enger Croissance vun 1,7 Prozent, wat eng “gutt Zuel” ass.
De Laurent Zahles, deen zënter 2024 och CEO vun der Raiffeisen ass, betount awer och, datt d’Banke weider drop beduecht sinn, den Accès op d’Konten ze vereinfachen.
Eng Bank muss hire Client kennen - dat gëllt och fir Entreprisen
Eppes, wat am Beräich vun den Entreprisen net esou ka gesot ginn an och scho fir Kritik gesuergt huet. An zwar sinn d’Banke relativ restriktiv wat d’Opmaache vun engem neie Kont bei Entreprisen ugeet.
Dee Sujet géingen d’Banke seriö huelen, verséchert de Laurent Zahles. Hie betount, datt ëmmerhin d’lescht Joer iwwer 7.600 Konte fir Professioneller opgemaach goufen.
Hie streit awer net of, datt d’Krittären effektiv méi streng sinn. Beispillsweis mussen d’Banken de Business-Plang vun enger Entreprise verstoe kënnen. De Laurent Zahles erkläert, datt dat ganz normal ass, well eng Bank hire Client a seng Aktivitéite kenne muss.
E Guide fir Patronen
Hannendru stécht och d’Obligatioun, de reglementareschen Ufuerderunge gerecht ze ginn an ëmmer konform ze sinn. Iwwer dee Wee géing een och de Schutz vum Finanzsystem assuréieren.
“Och e Business-Plang gehéiert dozou fir e gutt Verständnis ze hunn, wat d’Aktivitéit vun der Gesellschaft ass fir hannerun och kënnen eng gutt Berodung ze maachen an e gudde Suivi kënnen ze maachen an iwwer dee wee reglementaresch konform ze sinn.”
D’ABBL huet awer och eng Rei Moossnamen ausgeschafft, fir den Entreprisen ze hëllefen.
Si ass am reegelméissegen Dialog mat der Bankenopsiicht CSSF fir ze kucken, wéi een d’Obligation de vigilance am beschte kann interpretéieren. D’Banke sollen nämlech uniform agéieren an net jidderee soll seng eege Reegelen imposéieren.
Ausserdeem huet d’ABBL och e Guide publizéiert dee sech un d’Patrone riicht an deen oplëscht, wat een alles brauch ier een op d’Bank geet.
VEFA: E Vertrauensproblem amt de Promoteuren
D’Lescht Woch hat d’ABBL eng Pressekonferenz, wou si och den Immobiliemarché ugeschwat huet.
2025 ass eng liicht Reprise ze spiere gewiescht, dat awer quasi just bei de Wunnengen, déi scho gebaut sinn. Net also bei de Wunnengen, déi nach musse gebaut ginn, de VEFAen.
Datt et bei de VEFA-Projeten net esou richteg viru geet, doru kënnen d’Banken u sech net vill änneren. Deem stëmmt och de Laurent Zahles zou. Hie betount awer, datt d’Banke prinzipiell prett sinn, fir Wunnengsbau-Projete finanziell ze begleeden.
Wat d’VEFAen ugeet bréicht et allerdéngs nach méi e klore rechtleche Kader, mengt hien. Ausserdeem muss d’Vertraue vum Keefer nees zeréckkommen.
Déi hunn aktuell e Vertrauensproblem mat de Promoteuren.
Wat kéint en neit VEFA-Gesetz änneren?
En neit VEFA-Gesetz kéint hei hëllefen, wann d’Prioritéit zum Beispill nach méi op den Achèvement vum Bau gesat gëtt.
Kann e Projet net fäerdeg gebaut ginn, well zum Beispill de Promoteur faillite gaang ass, soll e Garant dofir suergen, datt awer ka fäerdeg gebaut ginn. E Remboursement soll also net méi déi éischt Optioun sinn.
2025 hunn d’Banke ronn 6,7 Milliarden Euro u Kreditter erausginn. Dat waren 12 Prozent méi wéi nach 2024, och wann dat Joer zimmlech schwaach war.
Am zweete Quartal vun dësem Joer ass et bei de VEFA-Wunnengen allerdéngs schonn e Minus vun 68 Prozent par rapport zu 2025. Bei de Wunnengen, déi scho gebaut sinn, ass et vill manner dramatesch.
Dat ënnersträicht dem Laurent Zahles no, datt et an éischter Linn e Vertrauensproblem ass.