Am 100,7-Doku-Podcast Zeenewiessel hat den Ëmweltminister rezent dës Ausso gemaach:
"Mir mussen dat nach mat dem Secteur, mat der Landwirtschaft och diskutéieren. Mee d'Zil ass awer kloer, datt an den Drénkwaasserschutzzonen an Zukunft eng Kéier keng Pestizide méi wäerten agesat ginn. Keng, guer keng Pestizide méi."
An enger Reunioun Enn Abrëll mam Ëmweltministère huet de President vun der Landwirtschaftskammer kloer gestallt, datt d’Baueren domadder net averstane sinn.
Kooperatiounsbereetschaft a Fro gestallt
Am 100,7-Interview huet de Christian Hahn sech dozou geäussert a betount, datt dat Zil fir de Secteur net realistesch ass. Ee komplette Verbuet vun de Pestiziden an de concernéierte Gebidder wier ee Coup fir d'Betriber.
"Iergendwann soen déi, elo maachen ech guer net méi mat, ech sinn him interesséiert eppes matzemaachen, wann ech duerno gewise kréien, déi Méi, déi ech mer gemaach hunn, ass awer näischt wäert."
Ee Kompromëss kéinte méi contraignant Oploe sinn, fir den Asaz vu Pestiziden ze reduzéieren. Déi Approche kéint een a Pilotprojeten testen, esou de Christian Hahn.
"Datt ee vläicht seet, mir kucke Waasserschutzgebitt fir Waasserschutzgebitt, et vläicht méi serréiert ze maachen."
Manner Pestizide Jo, Null Pestiziden Neen
An da misst ee kucken ob eng Reduktioun net duergeet fir d’Belaaschtung vum Grondwaasser ze reduzéieren, esou de Christian Hahn.
"A wann déi villverspriechend wieren, wa mer komplett dovun iwwerzeegt sinn, datt een da kéint esou ee Wee aschloen."
Da misst een d'Iddi vun den Null Pestiziden awer vergiessen.
"Ech mengen et geet der ganzer Landwirtschaft an och all eenzele Betrib gutt, Waasser ze hunn."
Landeswäit leie ronn 8 Prozent vun den Akerflächen an Drénkwaasserschutzgebidder.
Ze vill Dünger a Baachen a Flëss
Am Gespréich mam Christian Hahn, dem Charel Cannivé (Rommeschterhaff) an der Lena Rodenbusch (Waasserberoderin vun der Landwirtschaftskammer) goung och Rieds vum landwirtschaftlechen Impakt op d’Flëss a Baachen.
Notamment vum Dünger: Zwee Drëttel vum Stéckstoff, deen an de Lëtzebuerger Uewerflächewaasser land, kënnt aus der Landwirtschaft. Datt Handlungsbedarf besteet, steet ausser Fro, seet dozou de Christian Hahn. An awer misst ee sech mat deem Rapport kritesch ausernee setzen.
"Et muss ee sech awer d'Fro stellen, datt déi Gewässer, wou méi bewunnt sinn, wat méi urban sinn, awer an engem méi schlechten Zoustand sinn, wéi déi déi am ländleche Raum sinn."
Primm fir Uwännersträifen
Eng effikass Mesure fir d’Auswäsche vun Dünger an d’Flëss a Baachen ze reduzéieren, ass d’Uleeë vun Uwännersträifen. An dëse Pufferzone kann d’Natur sech dann nees entwéckelen.
Just wéineg Betriber si bereet fir op een Deel vun hiren Terrainen ze verzichten, fir esou Uwännersträifen unzeleeën. Dowéinst huet den Ëmweltminister Serge Wilmes an der Chamber annoncéiert, datt een d'Primm fir dës Mesure géif eropsetzen.
Zu der Ëmsetzung vun deene Sträife wieren awer nach ganz vill Froen op, esou de Christian Hahn.
"Wéi dierf deen ënnerhale ginn? (...) Et ass kee gewëllt, datt duerno Strukturen entstinn, déi an d'Waasser falen, oder bei Iwwerschwemmungen oder Staarkreen Problemer maachen."
Och de Charel Cannivé, selwer Landwirt, huet op senge Wise laanscht d’Uelzecht keng Uwännersträifen ëmgesat. Dat hätt esouwuel mat der Héicht vun der Primm, wéi och mat anere Contrainten, déi duerch esou eng Sträif entstinn.
"Deemno wat dann an deene Sträife wiisst, da musse mer jo awer dofir suergen, datt dat dann net Iwwerhand hëlt, wéi dat dann herno gehandhaabt gëtt, weess ech jo och net."
Grondsätzlech géif ee sech beim Waasserschutz net an de Wee stellen, esou de Charel Cannivé, deen och fir d'DP am Steeseler Gemengerot sëtzt. Et misst een awer bedenken:
"D'Land ass eng vun deene Ressourcen, déi am meeschte begrenzt ass. A mir mussen se iergendwéi esou kënnen opdeelen, datt mer, sief et fir eis Wunnengen oder fir eisen Naturschutz oder fir eis Ernärung eeben fir jidderee genuch do ass."
Dat ganzt Gespréich iwwer méiglech Ursaachen, Léisungen a Contrainte vu Pestiziden an Dünger an de Gewässer kënnt Dir hei lauschteren.