Radioen

On air

Notturno  |  Steve Gunn And David Moore - Painterly

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Landestagswahlen a Bayern an Hessen

Däitschland

Landestagswahlen a Bayern an Hessen

An den däitsche Bundeslänner Bayern an Hessen sinn CSU respektiv CDU déi däitlech Gewënner vun de Landtagswahlen. Gläichzäiteg goufen d’Ampel-Parteien aus der Bundesregierung ofgestrooft. A béide Länner ass déi rietsnational AfD zweetstäerkste Kraaft ginn. Besonnesch a Bayern ass e klore Rietsruck ze spieren.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Mat de Freie Wähler huet a Bayern nämlech eng weider konservativ Partei e staarkt Walresultat gemaach. Mat ronn 15 Prozent vun de Wielerstëmme landen d’Freie Wähler wuel op der drëtter Plaz, dat hannert der AfD mat knapps 16 % an der CSU mat 36,6 %.

Den CSU-Ministerpresident Markus Söder, dee mat sengem Koalitiounspartner Freie Wähler well weidermaachen, huet an der ARD annoncéiert, datt dëst séier soll geschéien.

“Ich finde durch einen starken Schlusspurt, den wir am Ende gemacht haben, haben wir ein sehr starkes Ergebnis erzielt, einen klaren Wählerauftrag bekommen als CSU. Klar der Wählerauftrag an mich als Minsiterpresident eine starke Demokratie hier in Bayern zu sichern. Diesen Auftrag werden wir auch wahrnehmen und zwar sehr konsequent."

Wärend déi konservativ a riets Parteie Stëmme gewonnen hunn, ass et a Bayern fir B90/Die Grünen an SPD erofgaangen. D’Sozialdemokraten hu mat manner wéi 8 % dat schlechtste Resultat an hirer Geschicht geholl.

CDU gewënnt och an Hessen

An Hessen wéist sech iwwerdeems och e klore Rietsruck: Mat 34,5 %vun de Wielerstëmme gëtt d’CDU gestäerkt als konservativ Kraaft aus dem Walsonndeg.

Dann hëlt déi rietsnational AfD an Hessen iwwer 18 %, et ass dat héchsten AfD-Resultat an engem vun de westdäitsche Bundeslänner iwwerhaapt.

Katastrophal ass d’Walresultat fir d’SPD an hir Spëtzekandidatin Nancy Faeser. D’Bundesinneministerin war an Hessen ugetruede fir Ministerpresidentin ze ginn.

“Uns ist klar, das will ich auch in aller Deutlichkeit sagen, das Wahlergebnis ist sehr enttäuschent, was auch sonst”

Fir d’Bundesregierung aus SPD, FDP a Grénge sinn d’Resultater a Bayern an an Hessen eng Katastroph. An de Succès vun der AfD ass e Virgeschmaach op dat nächst Joer: 2024 gëtt an den Ostdäitsche Länner Thüringen, Sachsen a Brandenburg gewielt.

Lauschterenplay_arrow