Rendre visible, l’invisble – fir den Ament ass et nach éischter d'invisible, dat dominéiert op eisem Tour iwwer den 11 Kilometer laange Parcours vun der Ausstellung an der Stad. Et geet Deels laanscht d’Péitruss, Deels laanscht d’Uelzecht, oder nach an der Uewerstad am Park, an um Kierchbierg.
Vun den Installatiounen, déi no enger Ausschreiwung konzipéiert goufen ass nach net vill ze gesinn, dofir awer Baggeren. Trotzdeem schléit d’Thema vun der Ausstellung direkt an. Et entdeckt een Ecker vun der Stad, déi een eigentlech kennt, mee net richteg kuckt.
Gäert mat verschiddenen Thematiken
D’Stad huet vill historesch Sitten. Deemno waren d’Contrainte grouss: Déi verschidden Installatioune konnten net ze no vum Waasser gebaut ginn, wéinst den Iwwerschwemmungen. Wéinst den archeologesche Sitten ronderëm d’Festungsmaueren, dierfen d’Installatioune maximal 25 Zentimeter déif leien. Dat gëllt zum Beispill fir de Site Place Saint Ulric bei der Péitruss, wou 10 verschidden Thematike virgesi sinn, wéi d'Ornella Duchesne, Zoustänneg fir d’Communicatioun ronderëm d’LUGA erkläert.
"On a un jardin qui est concentré sur les pollinisateurs, on en a d'autres, c'est par exemple un anotis avec des plantes bleues. Voilà, c'est aussi inspiré d'une mélodie. Il y en a d'autres, ce sont les plantes qui vont germer au fil des saisons en fait, donc ça va commencer en mai, puis ça se poursuit à l'été et enfin au début de l'automne. On a aussi un, c'est un portail, on peut rentrer dedans et c'est vraiment, ça représente un peu le changement, voilà, quand on rentre dans un endroit et on se rencontre un peu des choses."
Ornella Duchesne, Zoustänneg fir d’Communicatioun ronderëm d’LUGA. (Foto: Carole Schimmer)
De Lien mat der militärescher Geschicht vun der Stad
Weider féiert d’Visitt bei de Bock. Ënnert dem Bock kritt een d'Geleeënheet d’Planze mat engem Periskop ze observéieren. Et sinn dëst Instrumenter déi ee vun engem U-Boot kennt. Mat Hëllef vu Spigelen aus poléiertem Metall kann een d’Planzen observéieren. Do gëtt et ee Lien mat der militärescher Vergaangenheet vun der Stad, erkläert d’Ornella Duchesne
"Les périscopes, c'était aussi avant une installation qui était créée dans les tranchées pour voir ce qui se passait justement en dehors des tranchées sans être vu. Donc, c'est aussi un peu le thème de la guerre qui est repris."
D'Roll vum Waasser
D’Waasser gëtt och ee Sujet an dëser Gaardenaustellung. Just nieft dem Bock, héiert een d’Uelzecht mee et gesäit ee se net. Dat hunn déi déi d’Instatllatioun Le Chant de l’Alzette geplangt hunn esou interpretéiert.
Am Park Mansfeld gouf et fréier Waasserfontänen. Och déi ginn artistesch nees opbléie gelooss fir d‘LUGA. Historesch Sitte gi beliicht mee och de Lien mat der Natur spillt eng Roll an dëser Ausstellung.
Net wäit ewech vu Mansfeld ass zum Beispill eng Installatioun virgesinn, déi iwwert de Wee vu Planzen, d’Waasser propper mécht.
Der Natur nees eng Plaz an der Stad ginn
Mee eng Stad ass net nëmme gréng, si ass dacks betonéiert. An de Rives Clausen entsteet eng urban gréng Installatioun, wou d’Leit sech kënnen an der Convivialitéit treffen. Um Kierchbierg ass ee Bauerenhaff virgesinn, an d’Vergaangenheet vun de Rousegäert wäert natierlech och net vergiess ginn. D‘Zil vun der LUGA ass et och, datt ee sech an der Stad nees mat der Natur verbonne fillt.
Ee weidere wichtege Volet gëtt et um zweete Site vun der LUGA zu Ettelbréck. Do si 14 Installatioune virgesi, déi sech op d‘Produktioun an der Innovatioun an der Landwirtschaft konzentréieren.
D'Generalcoordinatrice Ann Muller erkläert am 100,7-Interview, wat soss nach alles op der Gardeschau gebuede gëtt: