Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ LSAP-Lëscht fir d'Europawale steet

Europawalen

LSAP-Lëscht fir d'Europawale steet

Bei der LSAP géif d’Lëscht fir d’Europawalen elo stoen, dat mellt RTL. Nieft dem Vize-President vum EU-Parlament Marc Angel wieren dräi Fraen op der Lëscht.

auto_stories

1 min

D'LSAP Deputéiert Liz Braz, d'Danielle Filbig, Conseilère zu Rammerech an d'Michaela Morrisova, Attachée an der LSAP-Fraktioun.

Kandidéiere géifen och nach de Mars Di Bartolomeo, fréier Minister an aktuelle Chamber-Vize-President an de fréiere Wirtschaftsminister Franz Fayot. D’LSAP Lëscht fir d’Europawale géif RTL no nach emol an der Parteileedung diskutéiert ginn.