Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ LCGB kritiséiert datt Buslinne suppriméiert ginn déi Industriesitten ufueren

LCGB

LCGB kritiséiert datt Buslinne suppriméiert ginn déi Industriesitten ufueren

Den LCGB geet op en Neits op d‘Barrikaden, well am Bussecteur elo awer verschidde Buslinnen, déi Industriesitten ufueren, solle suppriméiert ginn. Déi Linne sollen den 10. Dezember zougemaach ginn, wéi den LCGB gewuer ginn ass. 

auto_stories

1 min

Réischt Ufanks dës Joers, am Februar, hat den LCGB dowéinst eng Entrevue mam zoustännege Minister, deen eng Léisung versprach hat, fir datt déi Linnen net suppriméiert misste ginn. Vill Salariéen an och Buschauffere wieren dovu betraff.

Bis haut awer wier keng vun de Proposen, déi deemools gemaach goufen, ëmgesat ginn. Rieds war zum Beispill vun enger Verstäerkung vum RGTR-Reseau an engem Pôle d‘Echange zu Ettelbréck, mee ëmgesat wier nach näischt ginn, sou d‘Kritik vum LCGB.