Radioen

On air

Notturno  |  Jenny Owen Youngs - Avalanche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LCGB fuerdert national Tripartite

Bausecteur

LCGB fuerdert national Tripartite

Den LCGB fuerdert d'Regierung op, eng national Tripartite anzeberuffen. Fir eng Kris am Bau- an Handwierkssecteur ze verhënnere misst d‘Regierung direkt handelen, esou de chrëschtleche Gewerkschaftsbond an engem Communiqué.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: Archiv

Den LCGB fuerdert d'Regierung op, eng national Tripartite anzeberuffen. Fir eng Kris am Bau- an Handwierkssecteur ze verhënnere misst d‘Regierung direkt handelen, esou de chrëschtleche Gewerkschaftsbond an engem Communiqué. Op eis Nofro hin huet de Patrick Dury, President vum LCGB kloer gestallt, datt een och elo net kéint waarden, bis déi nei Regierung sech en place gesat hätt. Et géif sech ëm eng Kris handelen déi kéint zu enger Gefor fir d‘Aarbechtsplaze vun de Leit am Secteur ginn, fënnt de Patrick Dury.

"Mir stelle fest, datt hei eng Politik gemaach gëtt iwwer d’EZB, déi géint d’Beschäftegung geriicht ass, déi géint d’Leit geriicht ass. An hei kann net vun engem Waltermin ofhängeg gemaach ginn, op eng Tripartite gemaach gëtt oder net. Krise kann een nun emol leider net programméieren, do muss reagéiert ginn. Dat ass dat wat mir elo am Secteur maachen, mir sinn amgaang d’Leit ze informéieren an ze sensibiliséieren an ze mobiliséieren."

Lauschterenplay_arrow

Et géif sech dobäi net ëm eng Warnung un déi nächst Regierung handelen, betount de Patrick Dury, et wier den Ausdrock vun engem grousse Besoin. Virun allem no der Faillite vun der Firma Manuel Cardoso géif et am Secteur Rumeure ginn, datt weider Faillite vu grousse Bau-Entreprisë bevirstinn. Wéi eng Entreprisen dat kéint betreffen, wollt de Patrick Dury net kommentéieren.