Radioen

On air

De Weekend  |  Amber Mark - Comin’ Around Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Appel à Projets fir Museksopnamen a Videospiller zu Lëtzebuerg

Kultur

Appel à Projets fir Museksopnamen a Videospiller zu Lëtzebuerg

De Kulturministère lancéiert eng nei Hëllef fir Studio a Live-Audioopnamen. Den Appel à projets, ass haut erausgaangen. De Filmfong wëllt iwwerdeems den Developpement vu Videospiller hei am Land ënnerstëtzen.

auto_stories

1 min

© Unsplash
Foto: Unsplash

Deen adresséiert sech un all professionellen Artist, deen hei am Land lieft, déi Lëtzebuergesch Nationalitéit huet, oder eng staark Verbindung zum Land, souwéi u Labelen a Plackefirmaen. 

De Projet deen agereecht gëtt, muss op d‘mannst aus sechs  Titele bestoen a wéinstens 20 Minutte laang sinn. D‘Projete gi jeeweils mat maximal 12.000 Euro ënnerstëtzt. Déi genee Detailer fënnt een um Site vum Kulturministère.

Entwécklung vu Videospiller

De Filmfong wëllt iwwerdeems den Developpement vu Videospiller hei am Land ënnerstëtzen a mécht dofir och en Opruff no Projeten. Zil wier et, e Lëtzebuerger Secteur ze stäerken, deen international staark wiisst.

Eligibel sinn nëmme Videospiller an der Prototyp-Phas, déi spéider offline oder online solle kommerzialiséiert ginn. Deadline fir d‘Kandidaturen anzereechen ass den 8. Mäerz. E Jury, deen aus engem Member vum Verwaltungsrot vum Filmfong an zwee Experte wäert bestoen, wielt duerno déi Projeten aus, déi ënnerstëtzt ginn, mat engem Subsid an Héicht vu jeeweils maximal 45.000 Euro.