search

/ Kroatien - Drëtte Femizid an de leschten 10 Deeg

Doheem erschoss

|
headphones

1 min

Kroatien - Drëtte Femizid an de leschten 10 Deeg

Am Norde vu Kroatien huet ee Mann seng 39 Joer al Fra ëmbruecht. Dat ass deen drëtte Femizid bannent de leschten 10 Deeg a Kroatien.

headphones

1 min

© picture alliance / ZB | Sascha Steinach
(Foto: picture alliance / ZB | Sascha Steinach)

Als Member vun der EU huet Kroatien am Mäerz zejoert de Begrëff Femizid – also de Mord un enger Fra wéinst hirem Geschlecht – an hiert d’Strofgesetz opgeholl. Dodrop sti Prisongsstrofe vun 10 bis 40 Joer.

Zënterdeem geet d’Zuel u Femiziden awer weider erop. Organisatioune maachen d’Regierung verantwortlech a soe, datt net genuch zum Schutz vu Frae gemaach gëtt. An de meeschte Fäll géif et kloer Unzeeche vu Gewalt oder Drohunge géint d’Frae ginn, ma d’Police géif net mat Zäite reagéieren.