Radioen

On air

Moiesstudio  |  Staatsot: Francine Closener schwätzt vun "arrogantem Ëmgang"

play_arrow Live
search

/ Kritik vun LSAP, OGBL an LCGB: Regierung bedreift Chaospolitik

Sozialmodell géif geziilt geschwächt ginn

Kritik vun LSAP, OGBL an LCGB: Regierung bedreift Chaospolitik

Schaarf Kritik vun der LSAP an de Gewerkschaften OGBL an LCGB. D‘CSV-DP-Regierung géif eng Chaospolitik bedreiwen a geziilt de Sozialmodell wëlle schwächen, esou de Virworf.

auto_stories

1 min

Et kéint keen Zoufall sinn, wann den Aarbechtsminister an d‘Sozialministesch ënnert anerem mat widderspréchlechen Aussoen an unilateralen Entscheedunge fir Konfusioun an Onverständnis an den Dossiere Pensiounen, Krankekeess, Sonndesaarbecht a Kollektivverträg géife suergen. Esou wéilte si d‘Leit gewollt veronsécheren, fir hir elo schonn decidéiert Reformen ëmzesetzen ouni datt d‘Schwäche vum Sozialmodell, déi doduerch entsteet, ze opfälleg wier.