Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Die Fantastischen Vier

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kritik vu ProVelo: Beléift Pop-up-Vëlospist vun engem Dag op deen anere verschwonnen

Mobilitéit

Kritik vu ProVelo: Beléift Pop-up-Vëlospist vun engem Dag op deen anere verschwonnen

Kritik un der Stad Lëtzebuerg kënnt vun der Associatioun ProVelo. Dat well déi provisoresch Vëlospist an der Avenue Marie-Thérèse vun engem Dag op deen anere verschwonnen ass. 

auto_stories

1 min

Déi Pop-up-Vëlospist gouf am Abrëll ageriicht. Si wier vill benotzt ginn a war och beléift. Elo soll se an de Park verluecht ginn, well et ze vill Réckstau gouf, wéinst de roude Luuchten op der Kräizung vun der Avenue Marie-Thérèse. Esou d'Argument vum Stater Schäfferot. Dowéinst wier den Tram blockéiert ginn. 

ProVelo fuerdert, datt déi ganz Kräizung nei geduecht an opgedeelt soll ginn.