Trotz schaarfer Kritik vun Trump: Kinnek Charles wäert op Visitt an d'USA reesen
De Buckingham Palace a Groussbritannien huet confirméiert, datt de Kinnek Charles III wäert Enn Abrëll an d'USA reesen, trotz dem Krich am Noen Osten. De Kinnek war vum Donald Trump, als Remerciement fir déi historesch zweet Staatsvisitt a Groussbritannien d'lescht Joer, invitéiert ginn.
D‘Visitt vum Kinnek Charles an den USA suergt elo scho fir Kritik a Groussbritannien. Wéinst dem Krich am Noen Osten hat de President Donald Trump déi brittesche Regierung an de Premier Keir Starmer an der Lescht ëmmer nees schaarf kritiséiert.
Vu London, eis Korrespondentin Marie Billon. De ganze Reportage kënnt Dir hei lauschteren.