D’ "Maria Teresa Hospital" war deen éischte grousse Lëtzebuerger Projet am Laos. Mëttlerweil besteet d’Spidol, dat vun der Grand-Duchesse inauguréiert an och no hir benannt gouf, schonn zanter iwwer 20 Joer. Ronn 80 Kilometer vun der Haaptstad Vientiane fort couvréiert et eng Populatioun vun iwwer 400.000 Leit.
Nach dëst Joer soll dofir d’Kapazitéit vun 100 op 150 Better eropgeschrauft ginn, an ee Groussdeel vun de Servicer gëtt komplett renovéiert. Dat mat engem Lëtzebuerger Investissement vun iwwer 4 Milliounen Euro.
Ausbildung vu Gesondheetspersonal
Ausserdeem ginn am Maria Teresa Hospital Infirmièrë forméiert. Well nieft der Iwwerlaaschtung ass d’Ausbildung ee vun den Haaptproblemer, erkläert de Peter Heimann, Leeder vum Gesondheetsprogramm.
“Das Problem ist eben hier gibt es ein System wo die Posten ausgeschrieben werden aber die Posten sind nicht mit dem Krankenhaus verbunden, sondern mit einer Person. Das heisst wenn dann einer in Pension geht, dann ist der Posten weg.”
Opklärung iwwer reproduktiv Gesondheet
An ee Projet mat der UNFPA investéiert Lëtzebuerg da ronn eng hallef Millioun Euro d’Joer. Dëse wëll engersäits d’Gesondheetspersonal an der Berodung vu Frae wärend der Schwangerschaft an der Gebuert forméieren, an anerersäits Jonker iwwer déi reproduktiv Gesondheet informéieren.
Dëst ass wichteg, well am Laos vill Jonker schwanger ginn, erkläert d’Coordinatrice vum Projet Siriphone Sakulku:
“Dat weist, datt déi Jonk net versti wéi si sech selwer protegéiere kënnen. Si hunn net genuch Informatiounen a si wëssen och net wou si higoe kënne fir Hëllef ze kréien.”
Mat dëse Projete wëll Lëtzebuerg de Laos dobäi ënnerstëtzen, abordabel, liicht accessibel a qualitativ gutt Gesondheetsservicer ze schafen.