search

/ Kooperatioun am Wandel: Lëtzebuerg setzt nei Prioritéiten

Aussepolitik

|
reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Kooperatioun am Wandel: Lëtzebuerg setzt nei Prioritéiten

D’Lëtzebuerger Kooperatioun mat den existente Partnerlänner wier aktuell am Wandel. Den Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel huet ugekënnegt, datt de Grand-Duché sech aus verschiddene Länner wäert zeréckzéien, a mat aneren d’Zesummenaarbecht méi stäerke wéilt.

reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow
De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel | © European Union
De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel (Foto: European Union)

Ënnert anerem aus dem Senegal géif Lëtzebuerg déi aktuell bilateral Projeten auslafe loossen, esou eng vun den Annonce vum Xavier Bettel an der Chamber.

“Trotz vill Efforte fir en neien Accord général de coopération ze verhandelen an de fënnefte PIC op de Wee ze bréngen, huet de Senegal eis finalement kloer ze verstoe ginn, datt mir trotz deenen 30 Joer Partnerschaften, am Fong sollen hinne Suen iwwerweisen a solle roueg sinn. Esou eng Kooperatiounspolitik maachen ech net. Et geet drëms, wann Dir Dialog sicht, wann Dir iwwer Mënscherechter wëllt diskutéieren, datt een och en Interlocuteur huet.”

D’Kooperatiounsprogrammer virun allem um afrikanesche Kontinent wéilt een da weider ausbauen. Ënnert anerem am Malawi, a Sambia an an der Sahel-Zon wieren nei Accorden an der Maach.

Kooperatioun an der Kris

Allgemeng géif d’Zesummenaarbecht vu Staaten aktuell eng Kris duerchliewen. Dës hätt net nëmmen a Saache sécherheetspolitesch Dimensioune Konsequenzen, mee dës Kris géif och d’Entwécklungszesummenaarbecht beaflossen, esou de Xavier Bettel. Esou géifen de Vereenten Natiounen all Joer am Billioune Beräich Sue feelen, fir hir Ziler am Entwécklungsberäich kënnen ze erreechen.

“Geopolitesch Spannungen, eng ëmmer méi markant Afrostellung am Fong vum internationalem Rescht vun internationalen Institutiounen an d'Decisioune vu verschidde grousse Playeren an och där an Europa, hunn déi multilateral Architektur am Fong geschwächt, déi mir an de leschte Joerzéngten och opgebaut hunn.”

Andeems Lëtzebuerg Verstéiss géint dat internationaalt Recht net kloer an haart verurteelt, géif och de Grand-Duché international Krise mat provozéieren, esou de Xavier Bettel selbstkritesch. Et wier zum Beispill inacceptabel, datt Israel amgaange wier de Südlibanon annexéieren ze wëllen.

Ukrain gréisste Beneficiaire vu Lëtzebuerger Entwécklungshëllef

Mat Bléck op d’Situatioun am Noen Oste sot de Xavier Bettel, datt de Fokus op der Stäerkung vun de Mënscherechter leie misst, well vill Regierungen an aner Acteuren ëmmer méi geziilt géint d’Zivilpopulatioun virginn. An dësen Zäiten dierft awer och den Ukrain-Krich net vergiess ginn. D’Ukrain wier nach ëmmer de gréisste Beneficiaire vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef.

“An der Ukrain huet Lëtzebuerg iwwer 123 Milliounen Euro un Entwécklungsgelder fir den Opbau vum Land investéiert, eng Zomm, déi zousätzlech ass zu den Efforts d'défense, mee net manner wichteg, well et geet net ëm den Efforts d'défense, et geet och ëm d'Aide humanitaire.”

Zejoert huet Lëtzebuerg insgesamt 615 Milliounen Euro an d’Entwécklungshëllef gestach – domat wier d’Zil vun 1 Prozent vum RNB erreecht. Zesummen mam Finanzministère wier een amgaangen bis 2030 eng nei budgetär Trajectoire auszeschaffen, esou nach de Kooperatiounsminister Xavier Bettel.

play_arrow Lauschteren