Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kongress vun de Piraten: Sechs Kandidaten a Kandidatinne fir d'Europawalen

Europawalen

Kongress vun de Piraten: Sechs Kandidaten a Kandidatinne fir d'Europawalen

D’Piratepartei lancéiert d’Walcampagne fir d’Europawalen. De Moie gouf d’Kandidatelëscht um National an Europakongress vun der Piratepartei zu Hesper virgestallt. Dräi Fraen an dräi Männer gi mat an d’Course.

auto_stories

2 min

Starsky Flor, Nadine Do Carmo Freitas, Raymond Remakel, Rebecca Lau, Lucy Agostini | © Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)

Gefouert gëtt d’Lëscht vum Raymond Remakel.

Mat derbäi sinn de Spriecher vun der Partei an Useldenger Gemengeconseiller Starsky Flor, d’Spriecherin Rebecca Lau, d’Lucy Agostini, d’Nadine Do Carmo Freitas an de Kärjénger Gemengeconseiller Vincenzo Turcarelli. Den Duerchschnëttsalter läit bei 40 Joer.

D’Zil vun der Partei ass et ee Sëtz zu Stroossbuerg ze kréien, a virun Allem géint déi rietsextrem Tendenzen an der EU ze kämpfen an dat och zu Lëtzebuerg, betount de Marc Goergen, Deputéierten vun der Piratepartei.

"Dir hutt eng AfD, déi lo hire Riets-Extremismus oppen dobausse matdeelt. Och wann Eenzelner dat vun hinnen nach bestreiden an de Leit iergendeppes virgaukelen, mee ech mengen, dat ass eebe genau dee Modell, wou mer leider och zu Lëtzebuerg rëm fannen. Mir fannen eng ADR, déi sech gewandelt huet vun engem Gast Gibéryen hin zu engem Fred Keup an Tom Weidig, déi souwuel Kënschtler wëllen ënnerdrécken, mee elo wéi rezent dës Woch op Twitter och Journalisten déi  hinnen dann anscheinend ze lénks sinn, wann se eppes iwwert d'Heescheverbuet schreiwen."

Ausso vum Marc Goergen lauschterenplay_arrow

De Walprogramm gëtt iwwert een Aarbechtsgrupp ausgeschafft.

D’Piratepartei huet mëttlerweil 780 Memberen a wëllt an den nächste Méint eng Statutereform ausschaffen.

D’Parteileedung gëtt och reforméiert.

Déi Decisiounen sollen op engem Kongress am Juni oder Juli ofgestëmmt ginn.