Radioen

On air

Notturno  |  Dougie Poole - Beth David Cemetary

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Klore Message vun der Wëssenschaft: Mir musse vum Pëtrolsverbrauch ewech

UN-Klimakonferenz

Klore Message vun der Wëssenschaft: Mir musse vum Pëtrolsverbrauch ewech

Déi weltwäit Zäregasemissioune sinn och dëst Joer nees geklommen. Aktuell Projektiounen deiten drop hin, datt den Héichpunkt beim Notze vu fossille Brennstoffer dëst Joer wäert iwwerschratt ginn. Dorobber verweist de Klimawëssenschaftler Andrew Ferrone.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Den Andrew Ferrone vertrëtt Lëtzebuerg am Weltklimarot an ass aktuell op der UN-Klimakonferenz zu Dubai.

Extrem Wiederphenomener huelen zou a brénge Mënscheliewen a Gefor. Gletscher an d’Polaräis schmëlzen, d’Ozeaner gi méi waarm. 2023 huet den Trend vun de leschte Jore confirméiert. D’Messagen aus der Wëssenschaft wiere kloer, betount den Andrew Ferrone, dee Lëtzebuerg am Weltklimarot vertrëtt an aktuell op der UN-Klimakonferenz zu Dubai ass.

"Mir musse bis 2030 eis global Emissiounen ëm 43 Prozent erof setzen an da bis 2050 Klimaneutralitéit erreechen, fir eis nach op déi 1,5 Grad ze limitéieren.”

Wäit ewech vun 43 Prozent fir 2030

Zu Dubai gëtt elo driwwer verhandelt, ob a wéi séier d’Länner op fossil Brennstoffer verzichten. Dëst Joer sinn d’Zäregasemissioun aus dësen Energiequellen trotz alle Beméiungen awer nach liicht geklomme par rapport zu 2022. Den Andrew Ferrone verweist op Projektiounen, déi drop hindeiten, datt mat enger Warscheinlechkeet vu 70 Prozent, d’Emissiounen aus de fossille Brennstoffer 2023 hire Maximum erreechen an da rëm lues a lues erof ginn.

"Mee d’Betounung läit bei lues. Dat heescht, dat ass bäi wäitem nach net genuch fir déi 43 Prozent am Joer 2030 ze erreechen.”

Geréng Capacitéit fir CO2 ze späicheren

D’Dynamik wier, datt d’erneierbar Energien déi fossil Brennstoffer ersetzen. Amplaz ewéi bis ewell just zousätzlech Besoinen un Energie opfänken, esou de Lëtzebuerger Klimawëssenschaftler. Technologië fir Zäregasemissiounen opzefänken an ënnerierdesch ze stockéieren, sollte just fir industriell Prozesser agesat ginn, wou et keng aner Alternative ginn:

“Am Moment gesäit et esou aus, datt d’Capacitéit déi mir hu fir CO2 ze späichere relativ geréng ass. Dat heescht, dat ass net eppes wat een elo kann huele fir ze soen: Majo, mir maachen de Pëtrol einfach weider, wéi bis elo"

De Message vun der Wëssenschaft wier also kloer: Mir musse vum Pëtrolsverbrauch ewech, betount den Andrew Ferrone.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
International
Politik a Gesellschaft