Dës Etude ass elo matten an der Bëschbrandsaison an Europa erauskomm.
Well sech wéinst dem Klimawandel d'Bedingunge vun Hëtzt, Dréchent an och Loft verschäerfen, féiert dat dozou, datt et méi Bränn a ganz Europa ginn, heescht et an der Etüd. An dat esouguer wann Temperaturen op der Äerd just e wéineg géifen erop goen.
D’Fuerscher:innen hunn zwee verschidde Klima-Zenarie berechent fir dës mateneen ze vergläichen.
Steiegerunge vu bal bis zu 200 Prozent vu verbrannter Fläch
Engersäits gouf gekuckt wéi d’Situatioun sech bei enger Äerderwiermung vun 1,8 Grad potentiell entwéckele kéint. An deem Fall géif bis zum Schluss vun dësem Joerhonnert 39 Prozent méi Fläch pro Joer verbrennen, wéi dat duerchschnëttlech hautdesdaags de Fall ass.
An dem zweeten Zenario geet d’Etüd dovunner aus, datt déi global Temperaturen ëm 3,6 Grad klammen. Deene Berechnungen no géif ee bei ronn 192 Prozent méi Fläch pro Joer leien, déi verbrennen.
Manner Emissiounen auszestoussen an d’Erwiermung ofzebremse wieren entscheedend fir d’Auswierkunge vu Feieren ze reduzéieren, heescht et. D’Resultater weisen och, datt d’Verbesserunge bei der Präventioun, der Fréierkennung an der Bekämpfung vu Feier eng ausschlaggebend Roll spillen.
Brandmanagement spillt natierlech och eng Roll
Wa kontinuéierlech um Brandmanagement géif geschafft ginn, kéint dëst déi potentiell Brandflächen reduzéieren. Déi zukünfteg Entwécklung vun de Bëschbränn sinn en Zesummespill tëschent dem Klimawandel an der gesellschaftlecher Upassung, esou d’Conclusioun vun der Etüd.
Den Donnéeë vum Europäesche Bëschbrand-Informatiounssystem no, si bis den 12. August EU-wäit ronn 550.000 Hektar verbrannt. Dat si bal zwee an en halleft mol esou vill wei den Duerchschnëtt zu dësem Zäitpunkt am Joer.