D'Julie Wagener gewënnt de Prix Pierre Werner fir hiren Triptychon "A Singularity I“, "II" an "III" – dräi Wierker an Acryl a Kuel op Holzplacken.
De Prix Pierre Werner gëtt all zwee Joer verginn an ass mat 5.000 Euro dotéiert.
Am Kader vum Salon CAL ginn och nach weider Präisser verginn: De Prix Grand-Duc Adolphe, de Prix Révélation, de Prix du Public an de Prix Jeune Talent.