All aner Informatioune wiere falsch, huet hie betount. Elo gëtt doriwwer spekuléiert, ob hie wierklech d‘Fräiloossung vun alle Geiselen op ee Coup gemengt huet. Virdrun hate Medie gemellt, et kéint zu enger humanitärer Waffepaus kommen, wa bis zu 15 Geisele fräikommen.
International Hëllefskonferenz zu Paräis
Zu Paräis ass iwwerdeems haut um Donneschden eng international Hëllefskonferenz wou et drëm geet, humanitär Ënnerstëtzung fir déi zivil Populatioun an der Gazasträif ze mobiliséieren. Bei där Reunioun mat Vertrieder vu verschiddenen Stied an och vun Hëllefsorganisatioune soll sech och dofir agesat ginn, dass dat internationaalt Recht an der Gazasträif agehale gëtt an ee verstäerkten humanitären Zougang méiglech gëtt.