arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Tëschefirme méi: Wolt wëllt just nach direkt mat Livreuren zesummeschaffen

Plattformaarbechter

|
reading time

1 min

Keng Tëschefirme méi: Wolt wëllt just nach direkt mat Livreuren zesummeschaffen

Ee Spriecher vun der Plattform Wolt sot gëschter géintiwwer der Luxembourg Times, datt ee vun nächstem Mount u just nach direkt mat de Livreuren zesummeschaffe wéilt an net méi iwwer eng Tëschefirma géif fueren.

reading time

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Maxim Konankov
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Maxim Konankov)

Et wier een amgaangen d'sous-traitance auslafen ze loossen, esou de Spriecher vu Wolt. 

Independant um Pabeier

Déi Lénk begréissen dës Decisioun an engem Communiqué. Et wier eng éischt Victoire fir d‘Livreuren, déi rezent d‘Aarbecht aus Protest iwwer hir Aarbechtskonditiounen néiergeluecht haten. Och wann d‘Livreuren net méi sous-traitéiert géife ginn, géif dat nach net heeschen, datt se an ee gereegelt Aarbechtsverhältnis kéimen, esou déi Lénk.

An et wier och onkloer, wéi Wolt d‘Annonce konkret ëmsetze wéilt. Déi Lénk – grad ewéi d‘Gewerkschaftsunioun – fuerderen, datt den néidege gesetzleche Kader soll geschaf ginn, datt d‘Livreuren de Statut vum Salarié solle kréien.

Um Pabeier gëlle se den Ament als indépendant. Si hunn dofir zum Beispill keng gereegelt Aarbechtszäiten an och kee Mindestloun zegutt.