Radioen

On air

Time Flies  |  

play_arrow Live
search

/ Keng Fussball-EM fir d'Rout Léiwen

Lëtzebuerg-Georgien

Keng Fussball-EM fir d'Rout Léiwen

D'Rout Léiwe krute sech net fir d'Fussball-EM qualifizéiert. D’Lëtzebuerger Nationalekipp huet gëschter Owend an der Playoff-Halleffinall fir d’EM 0:2 a Georgien verluer.

auto_stories

1 min

D’Spiller vum Luc Holtz sinn domat eliminéiert aus der Course ëm en Ticket fir d’Europameeschterschaft an Däitschland.

An der Paus waren d’Rout Léiwen 0:1 hannen. De Knackpunkt vum Match, aus Lëtzebuerger Siicht, war en oferkannte Gol vum Gerson Rodrigues, deen den 1:1 bedeit hätt, an eng Rout Kaart fir de Maxime Chanot an därselwechter Aktioun.

En Dënschdeg spillt Lëtzebuerg domat am Stade de Luxembourg keng Finall géint Griichenland, mee e Frëndschaftsmatch géint Kasachstan.