search

/ Keen US-iraneschen Accord - Eng Korrespondenz vun Islamabad

Krich am Noen Osten

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Keen US-iraneschen Accord - Eng Korrespondenz vun Islamabad

No 21 Stonnen Negociatiounen tëschent den USA an dem Iran koum et déi lescht Nuecht net zu engem Akkord fir e Fridden. Den Ament gëllt nach ëmmer eng zwou Woche laang Wafferou mee no de Gespréicher a Pakistan sot den JD Vance, datt Teheran net versprach huet keng Atombomm ze entwéckelen.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Den 100,7-Korrespondent Philip Crowther zu Islamabad | © Philip Crowther
Den 100,7-Korrespondent Philip Crowther zu Islamabad (Foto: Philip Crowther)

Déi iranesch Delegatioun sot, datt d’USA ze vill streng Demande gemaach haten.

Déi vill Plakater mat den dräi Fändele Pakistan, USA an Iran, ginn elo schonn ofgebaut zu Islamabad. Et gëtt kee Succès ze annoncéiere fir de Mediateur Pakistan. Si wëllen hire Rôle awer weiderhin halen a ruffe Washington an Teheran op weider Gespréicher ze feieren.

Éischt esou héichrangeg Gespréicher zënter 1979

De Gedanken ass, datt se esou katastrophal dach net wieren, dës sougenannt Islamabad-Gespréicher. Si hu ganzer 21 Stonne gedauert. Iwwerdeems war et déi éischte Kéier, datt esou héich Delegatioune vu Washington an Teheran sech zënter der islamescher Revolutioun 1979 face à face getraff hunn.

Elo kuckt een nees gespaant an ängschtlech op d’Konte vum US-President Donald Trump op de sozialer Medien. Ob d’Wafferou hält entscheet hien elo. Wäert hien nees eng amerikanesch Victoire deklaréieren, e weidert Ultimatum opstellen an dem Iran nees mat Zerstéierung Angscht maachen?

Iran behält Kontroll iwwer Hormuspassage

Béid Länner gesi sech weiderhin als Gewënner am Krich, do waren d’Viraussetzunge fir e Fridden ni gutt. D’USA soen, datt den Iran militäresch um Enn ass. Den Iran ass stolz, datt de Regimm gréisstendeels iwwerlieft huet an datt ee weiderhin d'Kontroll vun der Strooss vun Hormus behält.

Dat ass den iranesche Joker an dëse Negociatioune gewiescht. Ob et do en Akkord gouf déi wichteg Mieresstrooss nees opzemaachen ass nach net gewosst. Béid Delegatioune sinn elo um Wee heem an hir respektiv Länner.  

Eise Korrespondent Philip Crowther huet d’Detailer aus der pakistanescher Haaptstad Islamabad

play_arrow Lauschteren