Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kee Verbuet vun Nikotin-Pouches a Siicht

Méi schiedlech wéi Zigaretten

Kee Verbuet vun Nikotin-Pouches a Siicht

D’Gesondheetsministesch Martine Deprez ass sech der Gefor vu sougenannten Nikotin-Pouches bewosst. An hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéierten Nancy Arendt verweist si op Etüden, déi beleeën, datt déi kleng Nikotinsäckelcher Jonker dozou verleede kënnen, mam Fëmmen unzefänken. Ee Verbuet gëtt et trotzdeem nach net.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Nikotin Pouches | © picture alliance / CHROMORANGE | Weingartner-Foto play_arrow
Nikotin Pouches (Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Weingartner-Foto)

Déi kleng Nikotinsäckelcher ginn hannert déi iewescht Lëps placéiert an esou fir eng Zäit am Mond gehalen. Op déi Manéier kann de Kierper den Nikotin direkt iwwer d’Mondschläimhaut absorbéieren. Bis zu 15 Milligramm Nikotin kann an dëse Säckelcher enthale sinn. Dat ass ongeféier esou vill wéi an engem ganze Pak Zigaretten.

Auswierkungen op d’Gehier an op d’Nervesystem

De Lex Schaul vun der Fondation Cancer erkläert, datt Nikotin u sech net direkt kriibserreegend ass, mee dësen héijen Dosage awer virun allem fir Jonker extrem geféierlech ka sinn.

“Dat heescht, et ass u sech eng toxesch Substanz, déi Auswierkungen op d’Gehier an op d’Nervesystem kann hunn.”

Trotz dëse Gefore kann een aktuell déi sougenannten Nikotin-Pouches a villen Tankstellen a Kiosken ouni weider Restriktioune kafen. Well an den Nikotin-Säckelcher keen Tubak enthalen ass, falen dës och net ënnert d’Tubaksgesetz. Dat fënnt de Lex Schaul vun der Fondation Cancer awer bedenklech.

“Dat heescht, si sinn am Fong esou erhältlech wéi Kamellen. An do ass et ebe wichteg, se ze reguléieren, datt si ënner d’Tubaksgesetz falen. Datt si esou consideréiert ginn, wéi een Tubaksproduit, an datt se virun allem fir Mannerjäreger net erhältlech sinn.”

Et hänkt och vum Ausland of

Effektiv géifen d’Nikotinsäckelcher oft als harmlos duergestallt ginn, seet och d’Gesondheetsministesch. Ee konkret Verbuet ass zu Lëtzebuerg awer nach net geplangt.

“Mir gi keng Reglementatioun op de Wee, dee si an d’Ausland dreift. Dat heescht, wa mir elo wëssen: a Frankräich gi se verbueden, an Däitschland gi se staark reglementéiert, an der Belsch gi se verbueden, da si mir direkt mat um Zuch, fir och eppes hei am Land ze maachen. Mee well mir esou kleng sinn, sinn déi Grenzen esou op.”

Well et awer nach keng Kloerheet a Punkto Verbuet an den Nopeschlänner gëtt, mécht et der Gesondheetsministesch no nach kee Sënn, d’Nikotinsäckelcher hei zu Lëtzebuerg ze reglementéieren. Een zäitleche Kader, wéini eng Entscheedung iwwer een eventuelle Verbuet kéint getraff ginn, konnt d’Martine Deprez nach net nennen.


Lauschterenplay_arrow