Dat huet den CSV-Rot Rafael Gomes eis confirméiert. D’Oppositiounspartei wollt sech jo fir en eenzege Schoulcampus um Site "A Backent" staark maachen, wärend d’Majoritéitspartei LSAP un den zwee aktuelle Schoul-Sitten zu Stengefort a Klengbetten festhält.
Dem Rafael Gomes no wier een trotz dëser Néierlag frou, datt een en Debat iwwer d’Schoullandschaft an der Gemeng lassgetrueden hätt.
"Dès le départ ware mer dovun iwwerzeegt, datt et net ganz einfach wier, déi 750 Ënnerschrëften ze sammelen. Néanmoins ass dat Theema e wichtegt Theema. An do ware mir awer dovun iwwerzeegt, datt mer de Gros vun den Awunner beweegt géife kréien, fir do iergendzwousch matzemaachen, op d'mannst mat wëllen ze entscheeden, wat an deenen nächste Joren an der Gemeng geschitt."
Vun den néidegen 750 Ënnerschrëfte wier ee wäit ewech, esou de Rafael Gomes. Domat wier d'Thema elo ofgeschloss.
Regierung ass och um Terrain intresséiert
Wéi d'CSV, déi mat zwee Gemengeréit vertrueden ass, haten och déi aner Oppositiounsparteien DP an déi gréng, déi jee ee Conseiller stellen, eng Preferenz fir een eenzege Site geäussert. No der Virstellung vun der DP awer op enger anerer Plaz. D'Majoritéitspartei LSAP ëm de Buergermeeschter Samy Wagner hält un zwou Grondschoulen an der Gemeng fest. Eng zu Stengefort an eng zu Kengbetten.
Am Zesummenhang mam vun der CSV proposéierte Site “A Backent” war an deene leschte Wochen awer och nach eng nei Komponent an der Diskussioun derbäikomm: Och d’Regierung huet nämlech Interessi un dësem Terrain. En ass am Gespréich fir de Bau vun enger Europaschoul.