Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kaum Ännerungen: déi gréng kritiséieren den neien Energie- a Klimaplang

Kritik um PNEC

Kaum Ännerungen: déi gréng kritiséieren den neien Energie- a Klimaplang

déi gréng kritiséieren den neien Energie-a Klimaplang vun der CSV-DP Regierung. Dee wier als neien ambitionéierte Projet virgestallt ginn. Et misst een awer feststellen, datt et kaum zu Ofännerunge komm wier am Verglach zu der Versioun vun zejoert vun der deemoleger Regierung, esou déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring.

auto_stories

1 min

Foto: Chambre des députés

D‘Regierung géing Mesuren ewéi d‘Virfinanzéierung vu Solaranlagen oder d‘Vereinfache vu Prozeduren als nei presentéieren, obwuel déi schonn am leschte Plang enthale gewiescht wieren.

Déi gréng Deputéiert weist sech besuergt, well éischt Unzeechen Zweifel un der konsequenter Ëmsetzung vum Plang géingen opkomme loossen. Esou zum Beispill d‘Kierze vun den Hëllefe fir Solaranlagen, Elektromobilitéit oder Green Events. Doduerch géing ee riskéieren, d‘Dynamik vun de leschte Joren ze briechen.

Déi gréng ruffen d‘Regierung dozou op, hiert Walverspriechen anzehalen an d‘Mënschen och wierklech fir Klimapolitik ze begeeschteren.