Datt et a Saachen Transitiounsphase an Abattemente fir Famille mat klenge Kanner kleng Adaptatioune par Rapport zu der éischter Propose vun der Steierreform vum leschtem Summer gouf, begréissen d’Oppositiounsparteien, déi haut vun den zoustännege Ministere vun der CSV-DP-Koalitioun de Projet de Loi fir d'Steierreform presentéiert kruten.
Staat verzicht op vill Steierrecetten
Haaptsuerg vun ënnert anerem der LSAP a vun déi Gréng bleift awer d’Géigefinanzéierung. D’LSAP-Deputéiert a Fraktiounspresidentin Taina Bofferding bedauert, datt de Minister Gilles Roth bei sengem Argument bleift, datt dës Reform mam Net-Upassen un den Index finanzéiert soll ginn, an dat wéi si seet, trotz engem geschate Käschtepunkt vun entretemps, alles an allem 1,4 Milliarden Euro.
“Dat heescht, et muss een nei Recettë siche goen. An de Finanzminister, deemools wou en nach Oppositiounspolitiker war, huet en dovunner geschwat, fir de Spëtzesteiersaz ropzesetzen. Haut wëll en näischt méi dovunner wëssen."
LSAP wëll déi Räich méi besteieren
D'Taina Bofferding ass der Meenung, datt een d'Steier-Tabell no uewe sollt upassen, net nëmme wéinst der Steiergerechtegkeet, mee och wéinst der Finanzéierbarkeet.
D’Sam Tanson vun déi Gréng gesäit dëst änlech a gesäit ee Problem a Saache Verdeelungsgerechtegkeet.
Déi Gréng: Diskussioun iwwer Steiergerechtegkeet néideg
Déi fréier gréng Ministesch seet: “Elo stelle mer awer fest, datt bei engem Revenue vun 200 .000 Euro an der Steierklass 2 een och nach 5 .000 Euro netto erauskritt. Dat heescht dat ass net dat, wat mir eis hätte kéinte virstellen"
Et wier een an enger Evolutioun, wou um Niveau vun de Steieren, vun de Recetten an vun der Produktivitéit, déi sech mat der KI verlagert, esou d'Sam Tanson. Si vun déi Gréng wieren der Meenung, datt een eng méi breet Diskussioun iwwert d'Verdeelungsgerechtegkeet féieren misst, déi am Moment net gefouert gëtt.
ADR wëll méi Ënnerstëtzung fir Elteren, déi net schaffen
D’ADR kéint Stand elo dës Steierreform net matdroen. An hiren Ae geet d’Ënnerstëtzung fir Elterendeeler, déi net schaffe ginn an hir Kanner doheem versuerge wëllen net wäit genuch, sou de Fraktiounschef Fred Keup.
“Dat kann net ginn, wann awer och gläichzäiteg dann eppes géif agefouert ginn, fir déi Familljen ze ënnerstëtzen, déi gären och doheem sech selwer ëm hir Kanner këmmeren. Wann dat net gemaach gëtt, eng Aart Elteregeld, ass et fir eis net dran.”
Fir de Partner cotiséieren
D’DP-Deputéiert Corinne Cahen huet nach betount, datt een och an Zukunft weider fir de Partner cotiséiere kann, wann deen zum Beispill net schaffe geet. Mat dëser Steierreform vun der Regierung soll all Mënsch entlaascht ginn a si hätt net direkt als Konsequenz, datt bestuete Koppele manner gutt dovu kommen, sot nach d’CSV-Deputéiert a Presidentin vun der Finanzkommissioun Diane Adehm.