18 Aarbechter si blesséiert ginn, 23 Mineure sollen nach an der Grouf sinn. Anscheinend gouf et ee Brand.
Et ass dat zweet déidlecht Grouwen-Ongléck fir ArcelorMittal bannent zwee Méint.
Am August ware scho fënnef Aarbechter gestuerwen.
D‘Regierung aus dem Kasachstan huet dem Stolkonzern virgeworf, d‘Sécherheetsmoossnamen net ze respektéieren, a wëll d‘Kooperatioun mat ArcelorMittal elo a Fro stellen.