search

/ Kapp-u-Kapp tëschent Wilders a Sozialliberalen

Parlamentswalen an Holland

|
headphones

2 min

Kapp-u-Kapp tëschent Wilders a Sozialliberalen

An Holland ass et no de Parlamentswalen eng enk Course tëschent der rietspopulistescher PVV vum Geert Wilders an der lénksliberaler Partei D66. Nodeem bal 95 Prozent vun de Stëmmen ausgezielt sinn, leie béid Parteie bei 26 vun den am Ganzen 150 Sëtz am Parlament.

headphones

2 min

© EPA/REMKO DE WAAL
(Foto: EPA/REMKO DE WAAL)

D'Partei vum Geert Wilders huet den neisten Héichrechnungen no vill Stëmme verluer.

Wéi d'Auszielunge gëschter Owend ugefaangen hunn, hat et nach esou ausgesinn, wéi wann déi lénksliberal D66 ronderëm de Spëtzekandidat Rob Jetten virun der PVV vum Geert Wilders géif leien. De Moien ass et nach net ganz kloer, wéi eng Partei stäerkste Kraaft gëtt.

Geert Wilders verléiert Stëmmen

Sécher ass: dem Geert Wilders seng Partei huet vill Stëmme verluer. Bei de leschte Walen 2023 koum d'PVV nach op 37 Sëtz. Déi lénksliberal D66 verzeechent hirersäits dës Kéier ee Plus vu 17 Mandater am Verglach zu vu virun zwee Joer.

Deenen hire Spëtzekandidat Rob Jetten ass also och an der Course fir neien hollännesche Premier ze ginn.

An enger éischter Reaktioun sot hien, datt Milliounen Hollänner een neit Kapitel opschloen, a sech vum "Haass an der Politik" ofwenne wéilten.

D'Regierungsformatioun an Holland dierft awer schwiereg ginn, well all déi grouss Parteien eng Zesummenaarbecht mam Geert Wilders ausschléissen.

Récktrëtt vum Frans Timmermans

Déi aktuell Regierungspartei VVD kënnt den aktuellsten Héichrechnungen no op déi drëtte Plaz mat 22 Sëtz. Dat rout-gréngt Bündnis GroenLinks-PvdA kéim deemno op 20 Mandater. Deenen hire Spëtzekandidat, de fréieren EU-Kommissär Frans Timmermans, huet scho kuerz no der Verëffentlechung vun den éischte Prognose säi Récktrëtt ugekënnegt.

Hannendru kommen nach d'Chrëschtdemokrate mat 18 Sëtz.

Am Ganze kéinte 15 Parteien an d'Parlament zu Den Haag kommen.

Zu den Neiwale koum et, nodeems am Juni dëst Joer d'Véierer-Koalitioun am Sträit iwwer d'Asylpolitik auserneegebrach war. No manner wéi engem Joer hat de Geert Wilders sech mat senger Partei aus der Regierung zeréckgezunn an d'Regierungskoalitioun hat sech opgeléist.

play_arrow D'Journalistin Ulrike Nagel kommentéiert Walresultat an erkläert, wat fir Koalitioune méiglech sinn.