Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kamala Harris "physesch a mental resistent genuch" fir Presidentenjob

Medezinesche Rapport

Kamala Harris "physesch a mental resistent genuch" fir Presidentenjob

D‘Kamala Harris setzt an der Course ëm d‘Wäisst Haus elo ënnert anerem op hiren Alter an hir Gesondheet: Engem medezinesche Rapport no wier déi 59 Joer al demokratesch Kandidatin bei exzellenter Gesondheet an hätt déi néideg physesch a mental Resilienz fir d‘Aufgabe vun enger US-Presidentin ze erfëllen.

auto_stories

1 min

Kamala Harris | © picture alliance / NurPhoto | Kyle Mazza
Foto: picture alliance / NurPhoto | Kyle Mazza

Der Kamala Harris hire Géigner, de Republikaner Donald Trump, huet bis elo nach kee rezente Rapport iwwer säi Gesondheets-Zoustand verëffentlecht. De Sondagen no wier op d‘mannst säin Alter mol kee wichtege Sujet fir ee groussen Deel vu senger Wielerschaft. De fréieren US-President huet 78 Joer.