Radioen

On air

Spektrum  |  Don Piano - Burn Your Wings

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Käerjenger Contournement: Zwee "Recours en annulation" sinn agereecht ginn

Biergerinitiativ Gemeng Suessem an 10 Privatleit

Käerjenger Contournement: Zwee "Recours en annulation" sinn agereecht ginn

De Méindeg de Moien hate mer Iech gemellt, datt sech d’Verwaltungsgeriicht an noer Zukunft mam Contournement vu Käerjéng befaasse wäert. D’Biergerinitiativ Gemeng Suessem an 10 Privatleit vu Käerjéng a Suessem hu kuerz viru Mëtteg, um leschten Dag, op deem dat méiglech ass, e “Recours en annulation” dogéint ageluegt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Wéi d’Justiz op Nofro hi matdeelt, hat dat donieft e Freide schonn eng Koppel gemaach. Där hir Klo an déi vun der Biergerinitiativ an deenen 10 Persoune riichte sech géint d’Genemegung vun 2016 fir de Projet vum Contournement, de Contournementsprojet selwer vun zejoert an den Arrêté vum Mäerz vum Ëmweltminister. De Serge Wilmes hat dee geholl, fir dass et mam Projet soll virugoen, wat kritiséiert gi war, v.a. wéinst dem Impakt op d’Natur.

Joerzéngtelaang scho gëtt doriwwer gestridden, wéi Käerjeng verkéierstechnesch kann entlaascht ginn. Am Mäerz hat den Ëmweltminister Serge Wilmes du gehandelt. Dat, andeems hien een Arrêté geholl hat iwwer ënner anerem Kompensatiounsmesuren an Amenagementsconditioune vum Projet Contournement vu Käerjeng.

Rechtlech Schrëtt waren ugekënnegt

Zanter dem 25. Abrëll houngen déi entspriechend Informatiounen an de Märeie vu Käerjeng, Suessem, Dippech an Déifferdeng aus, bis virun 10 Deeg. Haut um Méindeg ass dann de Stéchdag fir um Tribunal administratif Recours anzeleeën. Bis e Freideg am Nomëtteg hat nach keen dat gemaach: Dat geschitt awer de Moien, ebe vu Säite vun der Biergerinitiativ Gemeng Suessem an deenen 10 Persounen, déi e perséinlechen Interessi un enger Klo hunn.

D’Biergerinitiativ hat Enn Abrëll zesumme mam Mouvement écologique régionale sud a mat Natur&Ëmwelt Gemeng Suessem ugekënnegt, esou rechtlech Schrëtt ze préiwen.

Bei deenen zwou Ënnerorganisatiounen huet et geheescht, datt een zwar voll a ganz dat matdroe géif, wat d’Biergerinitiativ mécht, mee datt een dat selwer net géif maachen. Woubäi Vertrieder vu Mouvement écologique régionale sud an Natur&Ëmwelt Gemeng Suessem bedauert hunn, datt hir Mammenhaiser kee esou e Recours um Verwaltungsgeriicht aleeën, soudatt d’Biergerinitiativ elo zesumme mat deenen 10 Privatleit op den Tribunal administrativ geet.

Zerstéierung vum Naturschutzgebitt?

Déi 3 Organisatiounen haten am Abrëll viru groussen Zerstéierungen an Noerhuelungs- an Naturschutzgebidder gewarnt a viru Kompensatiounsmesuren, déi net géifen duergoen. Dogéint hat de Mobilitéits- an Travaux-publics-Ministère geschriwwen, datt de Public och iwwer d’Haaptmesurë géif informéiert ginn, déi negativ Effeten evitéieren, reduzéieren an, wann néideg, kompenséiere sollten.

Dat nächst Wuert hunn dann elo d’Verwaltungsriichter.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Mobilitéit
Politik a Gesellschaft