arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kaderfriddensaccord tëschent den USA an dem Iran ass ënnerschriwwen

Krich am Noen Osten

|
reading time

1 min

Kaderfriddensaccord tëschent den USA an dem Iran ass ënnerschriwwen

De Kaderfriddensaccord tëschent den USA an dem Iran ass ënnerschriwwen, esouwuel vum iranesche President Massud Peseschkian wéi och vu sengem amerikaneschen Homolog Donald Trump. Deen huet dat hënt am Schlass zu Versailles gemaach.

reading time

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki)

Den Accord soll direkt a Kraaft trieden, wéi de Vermëttler Pakistan matgedeelt huet. Am Konkreete bedeit dat, datt d‘Strooss vun Hormus direkt soll deblockéiert ginn – d‘USA hiewen dann hirersäits de Blockage vun iraneschen Häfen och direkt op.