Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Jackie Moontan - Life Goes On

play_arrow Live
search

/ Justizministère schléisst de Bau vun enger neier Cité judiciaire net aus

Cité judiciaire

Justizministère schléisst de Bau vun enger neier Cité judiciaire net aus

Bei der Analys vun de laangfristege Besoinen u Plaz fir d’Justizautoritéite géif d’Méiglechkeet vun esou engem Bau an d’A gefaasst ginn. Dat äntwert de Ministère dem radio 100,7. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Cité judiciaire | © Laura Paredis / Pexels play_arrow

De President vun der Cour supérieure de justice Thierry Hoscheit hat d’lescht Woch widderholl, datt eng nei Cité judiciaire op engem neie Site an der Stad Lëtzebuerg géif gebraucht ginn.

Et wier net méi genuch Plaz do, fir all d’Instanzen a Servicer vun der Justiz op engem eenzege Site, hat den Thierry Hoscheit festgestallt. Hien hat dowéinst recommandéiert, deen aktuelle Site um Helleg-Geescht-Plateau opzeginn, an eng nei Cité judiciaire ze bauen.

Manktem u Plaz kéint Konsequenzen hunn

De Justizministère ass sech bewosst, datt d’Justiz schonn haut net genuch Plaz hätt, heescht et an der schrëftlecher Reaktioun. An dat kéint Konsequenzen hunn. Affäre kéinte mëttelfristeg méi laang brauche fir traitéiert ze ginn. Déi geplangte Rekrutéierungsoffensiv an der Magistratur wier eng weider Erausfuerderung.

Fir d’Justizministerin Elisabeth Margue wier et wichteg, elo dofir ze suergen, datt genuch Gebailechkeete fir déi ganz akut a mëttelfristeg Besoine vun de Justizautoritéite mobiliséiert géife ginn, heescht et weider an der schrëftlecher Äntwert. Am Finanzministère wiere kuerzfristeg Büroen zur Verfügung gestallt. Mëttelfristeg soll déi al Nationalbibliothéik vun de Justizautoritéite kënne benotzt ginn.

Bau vun enger neier Cité judiciaire gëtt an d'A gefaasst

De Justizministère schreift och, datt zousätzlech virgesi wier, eng detailléiert Bedarfsanalys ze maachen, fir déi laangfristeg Besoine vun de Justizautoritéite genee z’identifizéieren.

"An deem Kader wäert d‘Méiglechkeet vum Bau vun enger neier Cité judiciaire an d’A gefaasst ginn."

Den Thierry Hoscheit hat am 100,7-Interview och däitlech gemaach, datt de Bau vun enger neier Cité judiciaire op der grénger Wiss laang géif daueren. Fir d’éischt misst ee gëeegenten Terrain an der Stad Lëtzebuerg dofir fonnt ginn.

Lauschterenplay_arrow