De leschten Oktober gouf de Paiement immédiat direct agefouert. Also dee System, iwwert deen Dokteschrechnungen direkt beim Dokter vun der CNS rembourséiert ginn, sou datt de Patient just nach seng eege Part bezuele muss. D‘Experienz wier bis elo gréisstendeels positiv, mengt den Dr. Marc Trierweiler.
Hien huet seng Praxis am Centre médical zu Hesper, do notzen den Ament sechs vu siwe Generalisten den neie System.
"Et ass e bësse méi ze klicke bei enger Rechnung. Soss hu mer ëmmer just de Code aginn, d‘Rechnung erausgeprint an d‘Leit hu bezuelt. Lo muss een eben um Computer dat Ganzt un d‘CNS schécken an da kritt ee relativ instantané eng Äntwert, op dat dann en charge geholl ass oder net."
Comptabilitéit gëtt net onbedéngt méi einfach
D‘Sue vun der Krankekeess géifen da bal zäitgläich iwwerwise ginn, begréisst de Marc Trierweiler. Et misst een de Suen net méi nolafen, a keng zeg Rappelle méi erausschécken. Fir d‘Comptabilitéit erliichtert sech d‘Situatioun awer net onbedéngt.
Duerch den neie System kréien d‘Dokteren hir Rechnungen elo vun zwou Entitéite beglach, Patient a Krankekeess, an dat gëtt all Kéiers eng Zeil, an deementspriechend Aarbecht, méi an der Comptabilitéit. Dobäi kënnt, datt een net direkt erkennt, wéie Virement vun der CNS zu wéienger Rechnung gehéiert.
"Dat heescht do muss nach eppes geschafft ginn, fir dat vill méi einfach, méi fléissend ze maachen.“
Patienten duerch d'Bänk zefridden
Fir eng Rei Tariffer kéint de PID iwwerdeems nach net genotzt ginn, do mussen d‘Patienten aktuell awer nach selwer fir d‘Prestatiounen opkommen an de Remboursement iwwert den übleche Wee ufroen. Dat mussen si och, wann ee bei der Demande fir de PID e Feeler mécht, erkläert d‘Suzanne Clees aus dem Centre médical vun Hesper.
"Wann ee lo mierkt, hei lo huet een ee Schratt verpasst, oder sech verklickt, kann een et net réckgängeg maachen. Dat ass aktuell nach e klengen Nodeel un där ganzer Saach. Dee Moment maache mer d‘Rechnung einfach normal, datt de Patient se ganz muss bezuelen an dann herno ebe rembourséiert gëtt, wéi et virdrun ëmmer war."
D‘Patiente wieren awer duerch d‘Bänk ewech zefridden, betount den Dr Marc Trierweiler.
Och Spezialisten an Zänndoktere kënnen deemnächst PID kréien
D‘Spezialisten an d‘Zänndoktere kënne vu Mäerz un, e Freideg also, un de PID ugeschloss ginn, huet den CNS-President Christian Oberlé confirméiert.
Datt bis elo eréischt 34 Generalisten hei am Land dat neit Instrument notze läit dem CNS-President no haaptsächlech dorun, datt bis ewell just eng eenzeg Firma de PID kéint installéieren.
"Deen ass och nach e ganz klenge Betrib, an dee muss da praktesch Dag fir Dag bei e Generalist an d‘Praxis goen, fir de System do en place ze setzen."
Praktesch an de Spideeler
E Problem deen op d‘mannst kuerzfristeg net wäert geléist sinn, an duerch deen och d‘Aféierung vum Paiement immédiat direct bei de Spezialisten an Zänndoktere méi laang Zäit wäert an Usproch huelen.
"Do wou mer eis zwar haaptsächlech e Schubs erwaarden, dat ass well mer och notamment mam CHL elo kucken, an do schaffe jo vill Spezialisten zesummen. Dat heescht do ass eng Upassung ze maachen innerhalb vun engem Spidol an da kéint natierlech direkt eng ganz grouss Zuel un Dokteren dovunner profitéieren.“
De Christian Oberlé geet dovun aus, datt de PID bis d‘Enn vum Joer am méi grousse Stil hei am Land wäert operationell sinn.