Radioen

On air

Notturno  |  Nicool - De Sonnden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jurassic Lëtzebuerg: Wat Fossilien eis iwwer d'Vergaangenheet verroden

Wëssen

Jurassic Lëtzebuerg: Wat Fossilien eis iwwer d'Vergaangenheet verroden

Fossilie verroden eis vill iwwer déi prehistoresch Vergaangenheet. D'Dr. Léa Numberger-Thuy an den Dr. Ben Thuy si Paleontologen am Naturmusée, a si wëlle verstoen, wéi d'Welt an der Zäit vun de Saurier ausgesinn huet.

auto_stories

2 min

headphones

19 min

play_arrow
Foto: Tessy Troes

D'Paleontologen Dr. Léa Numberger-Thuy an Dr. Ben Thuy aus dem Naturmusée, sichen am Schifer Steebroch zu Consthum no Zeien aus der Vergaangenheet. D'Zesummenaarbecht tëscht den Entreprisen a Bedreiwer vum Steebroch ass immens wichteg fir hir Aarbecht, seet den Dr. Ben Thuy.

“Well ouni Steebroch kéinte mer net gruewen. Wat wichteg unzemierken ass, well et schwéngt ëmmer d'Angscht mat, dass wa mer ze vill fannen, dass dann hei de Betrib zougemaach gëtt. Dat stëmmt awer net, well mir probéieren ëmmer sou ze sichen, sou ze, ze fuerschen, dass, datt mer eis, onopfälleg verhalen.”

Enk Zesummenaarbecht

D’Fuerscher géifen och vun den Aarbechten am Steebroch profitéieren erkläert de Ben Thuy weider.

“Et muss ee bedenken, wat méi Stee beweegt gëtt, well et besser fir eis ass, well all Steen, dee mer net selwer mussen, aus der Mauer raushuelen, spuert eis Zäit an Aarbecht”

Iwweregens schaffen Hobby-Paleontologen a Persounen, déi professionell an der Paleontologie beschäftegt sinn immens enk zesummen. Zu Lëtzebuerg gëtt et e breede Pool vu Collaborateurs scientifiques, déi sech mat oder ouni Studium, awer definitiv mat vill Passioun un der Fuerschung bedeelegen, seet den Dr. Ben Thuy. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Wëssenschaft