Ganzer 80 Affekote vertrieden déi 32 Staten, déi ugeklot ginn. D'Audienz zu Stroossbuerg huet viru 17 Riichter ugefaangen. D’ Klo vun de Jugendlechen: D’ Klimakris géif duerch d’Inaktivitéit vun de Staate méi schlëmm ginn an d’Zukunft vun de jonken a spéidere Generatiounen a Gefor bruecht ginn.
D’Jugendlecher kloen an, datt d’ Staate manner Emissiounen ausstousse sollen a Regioune finanziell ënnert d’ Äerm gegraff soll gi fir sech op de Klimawandel ze preparéieren. Gebidder, déi scho betraff sinn, sollen dem Ursacherprinzip no vun de Staate Reparatioune kréien. Kréien d’Jugendlecher Recht mat hirer Plainte, kann de Geriichtshaff d’Staaten opfuerdere méi streng Klimaziler ze bestëmmen an anzehalen.
Eng ontypesch Klo
Déi sechs Jugendlecher – déi Jéngst dovun ass 11, déi Eelst 24 – beruffen sech op Artikel 2 an 8 vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun, déi d’Recht op Liewen an d’Uechten vu Privat- a Familljeliewe garantéieren. An der Konventioun, déi 1950 ratifizéiert gouf, gëtt d’ Klima u sech net ernimmt.
Et ass also eng atypesch Klo virum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter, mee awer net déi éischt déi Mënscherechter mat der Klimathematik a Verbindung bruecht huet. 2001 scho gouf een Urteel géint d’Tierkei gefält wéinst enger Fabrick, déi Loft verschmotzt hat an domat d’Recht op Liewen net geuecht hätt.
Mat engem Urteel an dësem Prozess ass fréistens nächst Joer ze rechnen. D’ Plainte gouf virun dräi Joren am September agereecht. Den Ausléiser fir d’ Plainte waren d’ Bränn a Portugal, bei deenen 2017 méi wéi 100 Leit ëm d’ Liewe komm sinn.