Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Journée de commémoration nationale zu Lëtzebuerg

National

Journée de commémoration nationale zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg erënnert haut um Sonndeg un de Kampf vum Lëtzebuerger Vollek géint d‘Occupatioun an de Joren 1940 bis 1945. Dat op der Journée de commémoration nationale.

auto_stories

1 min

Et sinn eng Partie Zeremonien uechtert d‘Land geplangt, mee och an der Stad. D‘Haaptzeremonie ass um 10:10 Auer de Moien um Kanounenhiwwel, wou de Grand-Duc Henri wäert eng Gerbe néierleeën.

Weider Rieden sinn um 10:40 Auer beim Monument vun der Shoah, um 11:05 Auer bei der Gëllener Fra, an um 11:35 Auer nach beim Mémoriale de la Deportation zu Hollerech, an um 12 Auer dann nach beim Hinzerter Kräiz.