Radioen

On air

Mëttesrascht  |  James Blake - Thrown Around

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ USA placéieren U-Boot am Noen Osten - UN-Agencë fuerdere Waffestëllstand

Aktuell Situatioun am Noen Osten

USA placéieren U-Boot am Noen Osten - UN-Agencë fuerdere Waffestëllstand

Israel huet um Sonndeg Owend op en Neits d‘Gazasträif intensiv bombardéiert. D‘Attacke sollen och haut an déi nächst Deeg viru goen. Gaza ass mëttlerweil an een nërdlechen an e südlechen Deel opgespléckt.

auto_stories

2 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Annabelle Gordon - CNP
(Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Annabelle Gordon - CNP)

D'Hamas huet déi Attacke confirméiert. Internet an Telefonslinne wieren nees ënnerbrach. De Gesondheetsministère zu Gaza, dee vun der Hamas kontrolléiert gëtt, mellt 200 Doudeger bei israeeleschen Attacken an der Gazasträif hënt.

Israeelesch Zaldotin gouf erstach

Der israeelescher Säit no wéilt een Nord-Gaza komplett isoléieren, d‘Zivilpopulatioun giff awer weider Richtung Süde passéiere gelooss ginn.

Zu Ost-Jerusalem ass eng israeelesch Zaldotin virun engem Police-Posten erstach ginn. Den Täter gouf vun der Police erschoss. Et soll sech ëm e jonke Palestinenser handelen, deen zu Ost-Jerusalem, dat vun Israel besat gëtt, gelieft huet.

D‘Evakuéierung vun Auslänner aus der Gazasträif geet och weider: eng 100 Britten hätten d‘Gebitt iwwer den ägyptesche Posten zu Rafah kënne verloossen. Dat huet de Moien déi brittesch Regierung matgedeelt. 

Blinken mat ville Visitten

Den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken huet iwwerdeems seng diplomatesch Offensiv an enger Rei vu Staate weider gefouert. Um Sonndeg war hien och kuerzfristeg am Westjordan fir Gespréicher mat der palestinensescher Politspëtzt. De Blinken war duerno och fir eng net ugekënnegt Visitt am Irak.

Verschidden israeelesch Medien hunn um Méindeg Moie gemellt, datt déi jordanesch Aviatioun hënt medezinesch Hëllefsgidder iwwer der Gazasträif ofgeworf hätten. Et wier net kloer, ob d‘Aktioun mat Israel ofgeschwat gi wier. Israel hat bis elo ëmmer verlaangt, datt all Gidder fir de Gaza misste kontrolléiert ginn.

UN-Agencë fuerdere Waffestëllstand

D‘Direktere vu sämtlechen UN-Agencen hunn an enger bis elo eemoleger Aktioun en humanitäre Waffestëllstand fir Gaza verlaangt. An engem gemeinsame Schreiwes heescht et, ënnert der Zivilpopulatioun géif d‘Zuel vun den Doudegen a Blesséierten zanter engem Mount klammen. D‘Leader vun den 18 Organisatiounen, dorënner och d‘Unicef, verlaangen dofir een direkte Waffestëllstand. Der Hamas no sinn zanter dem Optakt vun der Militäraktioun iwwer 9.700 Leit ëm d‘Liewe komm.  

USA wëll den Iran ofschrecken

D‘USA hunn iwwerdeems op X, dem fréieren Twitter, matgedeelt, datt een U-Boot, dat och Atomwaffe kann transportéieren, gëschter am Noen Osten ukomm wier. Et ass net gewosst, wou genee d‘U-Boot läit, mee CNN gesäit doranner een Ofschreckungs- Message un den Iran.

Direkt no der Terror-Attack vun der Hamas op Israel, de 7. Oktober, haten d‘USA Krichsschëffer an dat ëstlecht Mëttelmier verluecht, dorënner zwee Flugzeugträger. Och déi gëllen als Ofschreckung, fir weider militant Gruppen am Noen Osten dovun ofzehalen, sech an de Gaza-Krich anzemëschen.