Radioen

On air

Notturno  |  Serge Gainsbourg - L'Hotel Particulier

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Hëllef fir Jonker op der Sich no engem Liewensprojet

"Shape Up"

Hëllef fir Jonker op der Sich no engem Liewensprojet

Jonker, déi viru kuerzem réischt zu Lëtzebuerg ukomm sinn, hunn et dacks besonnesch schwéier, fir hei Fouss ze faassen. Iwwert ee Pilotprojet mam Numm “Shape up” kréie si d‘Méiglechkeet ,bei der Sich no engem Liewensprojet oder enger berufflecher Orientéierung encadréiert ze ginn.

auto_stories

5 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: Carole Schimmer

Ee Samschdeg hu sech eng Dose vun hinnen um Lampertsbierg getraff fir ee vun den Ateliere vum Programm, dee si an hirem berufflechem Liewe soll weiderbréngen.

Samschdegmoien, d’Coaching Seance Shape up fänkt u mat Laachyoga. D’Iddi dohannert: De Kierper an d’Gehier kënnen am Prinzip net op negativ Gedanke kommen, wann ee laacht.

An deen Optimismus ass och de Grondmotto vu Shape up. Iwwer 4 verschidden Ateliere wëll een hei de Jonken eng Hëllef ubidde, fir Kompetenzen, déi si vläicht nach net sou bei sech kennen, ze entdecken.

Hei ginn déi Jonk vun der Ekipp ëm déi professionell Coach Valérie de Saintignon ënnert d’Lupp geholl. Mat hire Stäerkten an Objektiver, a mam Zil och déi Etappen ze identifizéieren, déi hinnen am Liewen nach feelen, fir hir Ziler ze erreechen. Un deem Pilotprojet huelen och Benevoller Deel, déi eng berufflech Erfarung hunn am Coaching. 

Hëllef fir den CV opzestellen

Den Taryk zum Beispill: Hien ass als Mannerjäregen aus Erytrea op Lëtzebuerg komm. Hie gouf am Jongelycée scolariséiert an huet dono eng Formatioun beim Formatiounszenter CNFPC gemaach. Do huet hien Aarbechten an der Schräinerei gemaach. Eppes, wat him gefall huet. No senger Formatioun huet hien och eng Aarbecht an der Gäertnerei fonnt, wou hie wärend engem Joer geschafft huet. Dee Kontrakt ass ausgelaf an et geet elo drëm, eng nei Plaz ze sichen. D’Schräinerei interesséiert hien, mee net nëmmen. Och an der Gäertnerei oder an engem Restaurant géif hien elo no Aarbecht sichen. 

Mam Programm Shape up krut hien Hëllef fir säin CV opzestellen. Elo ass hien an engem Stage, wou hie mat Jonke Sport wäert maachen. All benevole Experienz kann nämlech ee Curriculum opwäerten. Parallel huet hien och vun der ADEM eng Invitatioun kritt, fir sech an enger Entreprise virstellen ze goen. 

Jonker mat ganz ënnerschiddleche Profiller

Et ass ee kuerze Programm, erkläert d’Valérie de Saintignon. Iwwer véier Samschdeger gëtt op verschidde Sujete geschafft. 

"Ensuite, il y a une semaine, 15 jours de bénévolat. Parallèlement à ça, il y a 4 heures de coaching individuel. Et 15 jours plus tard, on fait une célébration, où là on fait le point, on remet les attestations.“

Ee spezielle Profil huet d’Naomie. Si ass nach Studentin am Beräich Commerce a wëllt och eng eegen Entreprise grënnen. Hir feelen déi néideg finanziell Mëttel: Iwwert Shape up krut si eng Méiglechkeet ee Stage ze maachen. Eng aner Jonk Fra, d’Christina schafft, mee wëllt eng aner Beschäftegung fannen. 

An deem Grupp ginn et och zwou jonk Fraen, déi sech fir de Journalismus interesséieren: D'Fiona ass nach op der Sich no enger Uni, do brauch een och ee Stage.

"J'aimerais être journaliste. Et je suis venue à Shape Up parce que justement, ça va pouvoir m'aider à intégrer par exemple une entreprise de journalisme ou justement d'embellir un peu mon CV pour les universités."

An déi aner jonk Fra d’Fatwa:

"Mon objectif, c'est en fait m‘intégrer dans le monde professionnel du Luxembourg, parce que je suis nouvellement installée dans ce pays et j'aimerais bien intégrer le domaine du journalisme ou de la communication."

45 Jonker goufe bis elo begleet

Shape up ass ee Projet vun der Associatioun Aldic, d’Association luxembourgeoise pour le dialogue interculturel. D’Associatioun bitt eng Hellewull un Ateliere fir Jonker un. Duerch dee Programm gi si begleet fir hir Kompetenzen ze verbesseren. Iwwer de Programm Shape up goufen dëst Joer 45 Jonker begleet, eng 15 kommen nach bis Enn des Joers drun. 

Déi eng sinn op der Sich no enger Aarbecht, déi aner sinn nach op der Schoul a wëllen erausfannen, a wéi eng Richtung se wëlle goen. Vum nächste Joer un ass et d’Zil sech fir all déi Jonk hei am Land opzemaachen.

Lauschterenplay_arrow

De Problem vum Jugendchômage

Jugendchômage ass e Problem, deen een net ënnerschätze sollt. Firwat dat esou ass, huet de Patrick Thill, Fuerscher aus dem Departement Labour market vum LISER, eis an der Emissioun "Den Hallwer Néng" erkläert.

Lauschtert de ganzen Interview mam Patrick Thillplay_arrow

De Patrick Thill vum LISER. | © Morgane Weidig
De Patrick Thill vum LISER. (Foto: Morgane Weidig)