Den Joe Biden wëll e grousst Ukrain-Treffen am Oktober an Däitschland organiséieren. Dobäi sollen d‘Beméiunge vun iwwer 50 Länner koordinéiert ginn, Länner vun der sougenannter US-geféierter Kontaktgrupp, déi d‘Ukrain géint de russeschen Aggressiounskrich ënnerstëtzen.
Wou genee dat Treffen an Däitschland soll sinn, ass net bekannt. Et gëtt ugeholl, datt et op der amerikanescher Militärbase Ramstein wäert sinn.