Radioen

On air

9 bis 1  |  Eltereschoul J. Korczak

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Joe Biden: Regionale Krich am Noen Oste verhënneren

International

Joe Biden: Regionale Krich am Noen Oste verhënneren

Wéinst der Eskalatioun vum Krich am Noen Oste wëllt den US-President Joe Biden mam israeelesche Premier Benjamin Netanjahu schwätzen. Dat sot den Joe Biden Journalisten op enger Militärbase an den USA. Et misst onbedéngt verhënnert ginn, datt de Krich tëschent Israel an der Hisbollah-Miliz am Libanon sech op déi ganz Regioun ausbreet, sot den Joe Biden.

auto_stories

1 min

Jo Diseviscourt | © U.S. Secretary of Defense / Flickr
Foto: U.S. Secretary of Defense / Flickr

Iwwerdeems fiert Israel viru mat intensive Loftattacken géint Ziler vun der Hisbollah am Libanon. De libaneesesche Premier sot, bis zu enger Millioun Leit am Libanon kéinte gezwonge ginn, virun der Gewalt ze flüchten. Bannen der leschter Woch koumen am Libanon méi wéi 800 Leit bei den israeelesche Bombardementer ëm d'Liewen.

Israel huet gëschter och Positioune vun den Huthi-Rebellen am Jemen aus der Loft ugegraff.