Radioen

On air

Moiesstudio  |  Fana Hues - Rental

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ WikiLeaks Grënner Julian Assange sëtzt zënter 5 Joer am Héichsécherheetsprisong

WikiLeaks Grënner

WikiLeaks Grënner Julian Assange sëtzt zënter 5 Joer am Héichsécherheetsprisong

Haut viru 5 Joer ass den australesche WikiLeaks-Grënner Julian Assange a Groussbritannien an den Héichsécherheetsprisong komm. Virdru war hie 7 Joer laang an der ecuadorianescher Ambassade zu London am Asyl.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Ronchini play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Ronchini

Laut rezenten Aussoe vum US-President Joe Biden géif d’USA envisagéieren, d’Virwërf géint de fréiere Journalist falen ze loossen. “Mir denken doriwwer no” huet den Joe Biden gëscht um Bord vun engem Treffe mam japanesche Ministerpresident Fumio Kishida op d’Fro vun engem Journalist geäntwert. Méi genee Aussoe goufen et bis ewell nach keng.

„Genuch ass genuch“

No de rezenten Aussoe vum US-President huet den australesche Premier Anthony Albanese sech gëscht beim australesche Sender Sky News Australia zefridde gewisen. Hie wier der fester Iwwerzeegung, datt d’Aspäre vum Julian Assange näischt géif bréngen. De WikiLeaks-Grënner hätt scho vill gelidden a genuch wier genuch.

Dem Assange droen 175 Joer Prisong

Den 52-järegen Australier gëtt an den USA beschëllegt, Dokumenter iwwer militäresch an diplomatesch Aktivitéite verëffentlecht zu hunn. Ënner anerem geet et doran ëm d’Doutmaache vun Zivilisten am Irak an am Afghanistan.

Wann hie géif an den USA schëlleg gesprach ginn, kéint hien zu 175 Joer Prisong verurteelt ginn. Mat der Begrënnung, hien hätt zesumme mat der Whistleblowerin Chelsea Manning geheim Dokumenter verëffentlecht a géint d’Anti-Spionage-Gesetz verstouss.

D'Liewe vun US-Informaten a Gefor bruecht?

Hien hätt mat der Verëffentlechung vun deenen Dokumenter d’Liewe vun US-Informanten a Gefor bruecht. Dowéinst fuerderen d’USA d’Ausliwwerung vum Whistleblower.

D’Iewecht Geriicht vu London fuerdert eng Garantie vun den USA, datt dem 52-järegen Julian Assange keng Doudesstrof dréit. Australie sengersäits appelléiert un d’USA fir d’Virwërft géint de fréiere Journalist falen ze loossen.

Lauschterenplay_arrow