Radioen

On air

Kultur um 5  |  Tëschent Concert a Studium

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Emotionalen Joe Biden um Kongress vun der Demokratescher Partei

US-Walen 2024

Emotionalen Joe Biden um Kongress vun der Demokratescher Partei

Um Parteikongress vun den Demokraten zu Chicago huet de President Joe Biden gekrasch, wéi hien op d'Bün goung. Éier hien ugefaangen huet mat schwätzen, gouf et minuttelaangen Applaus fir den aktuelle President.

auto_stories

1 min

Wal-Kongress vun den US-Demokraten | © Philip Crowther
Foto: Philip Crowther

A senger Ried huet hien d'Vizepresentin Kamala Harris gelueft, déi als demokratesch Presidentschaftskandiadtin iwwerholl huet, nodeems den Joe Biden sech am Juli aus der Course zréck gezunn huet. Dass hien als President d'Kamala Harris op senger Säit als Vizepresidentin gewielt hat, wier déi bescht Decisioun a senger Carrière gewiescht, esou den Joe Biden.

Si war um Ufank vum Kongress iwwerraschend op d'Bün komm fir dem Joe Biden Merci ze soen. Hir Ried hält d'Kamala Harris iwwermuer.

Protester virun Gebai vum Kongress

Ënner de prominenten Demokraten, déi um éischten Dag vum demokratesch Kongress Riede gehalen hunn, war och d'Hillary Clinton. Si hat 2016 bei de Presidentschaftswale géint den Donald Trump verluer.

De Parteikongress vun den Demokraten dauert nach bis iwwermuer.

Virum Gebai, wou de Kongress ass, hunn Dausende Leit géint déi amerikanesch Politik géigeniwwer Israel an dem Krich an der Gazasträif protestéiert.